Transparenzregëster

Transparenzregëster

Fir méi Transparenz bei de parlamentareschen Aktivitéiten ze garantéieren, huet d’Chamber en Transparenzregëster. An dësem Regëster sollen déi verschidden Acteuren, déi versichen, déi legislativ Aarbecht oder den Entscheedungsprozess vun der Chamber ze beaflossen, an hir Entrevuë mat den Deputéierten ëffentlech bekannt gemaach ginn.

Am Artikel 178bis gesäit d’Chamberreglement eng Verflichtung fir d’Deputéiert vir, all ugefrot oder organiséiert Entrevue mat enger chamberexterner Persoun, duerch déi déi legislativ Aarbecht oder den Entscheedungsprozess vun der Chamber beaflosst gi soll, nodréiglech ze deklaréieren.

  • Den Transparenzregëster enthält:

    1. den Datum an d’Plaz vun der Entrevue;
    2.  den Numm an de Virnumm vun de Membere vun der Chamber, déi un der Entrevue deelgeholl hunn;
    3. den Numm an de Virnumm vun den Interessevertrieder an Drëttpersounen, déi un der Entrevue deelgeholl hunn;
    4. d’Bezeechnung, de Firmennumm, d’Adress vum Siège social an d’Immatrikulatiounsnummer aus dem Handels- a Firmeregëster (RCS) vun den Entitéiten a juristesche Persounen, déi vertruede waren, oder den Numm a Virnumm souwéi d’Uertschaft vun der professioneller oder privater Adress, wann et sech ëm eng natierlech Persoun handelt;
    5. eng kuerz Beschreiwung vun der Positioun, déi vun den Interessevertrieder an Drëttpersoune géintiwwer de legislativen Aktivitéite vertruede gouf;
    6. gegeebenefalls d’Gesetzesprojeten oder -virschléi souwéi d’Gesetzer, iwwert déi diskutéiert gouf.
  • D’Absicht, déi legislativ Aarbecht vun de Membere vun der Chamber oder den Entscheedungsprozess vun der Chamber op egal wéi eng Aart a Weis ze beaflossen, muss d’Haaptzil vun der Entrevue sinn.

    Net viséiert a vun der Deklaratiounsflicht ausgeholl sinn:

    • Entrevuë vun den Deputéierte mat Bierger iwwer eng individuell administrativ Decisioun;
    • parteiintern oder tëscheparteilech Reuniounen an Entrevuen;
    • en einfachen Uruff oder Remarken um Rand vun engem organiséierten Evenement wéi zum Beispill enger Neijoerschreceptioun oder der Presentatioun vun engem Bilan;
    • Reunioune mat Europadeputéierten, aneren nationalen oder auslännesche staatlechen Institutiounen, Organisatiounen, déi lokal, kommunal an interkommunal Autoritéite representéieren, an de Beruffskummeren;
    • Berodertätegkeete juristescher, professioneller, technescher oder wëssenschaftlecher Natur op Ufro vun engem oder e puer Deputéierten hin.
  • Ier eng Entrevue mat Deputéierte mam Zil, op iergendeng Aart a Weis déi legislativ Aarbecht oder den Entscheedungsprozess vun der Chamber ze beaflossen, tatsächlech stattfanne kann, mussen d’Deputéiert iwwert déi follgend Donnéeë verfügen:

    • den Datum an d’Plaz vun der Entrevue;
    • den Numm an de Virnumm vun de Membere vun der Chamber, déi un der Entrevue deelhuele sollen;
    • den Numm an de Virnumm vun den Interessevertrieder an Drëttpersounen, déi un der Entrevue deelhuelen;
    • d’Bezeechnung, de Firmennumm, d’Adress vum Siège social an d’Immatrikulatiounsnummer aus dem Handels- a Firmeregëster vun den Entitéiten a juristesche Persounen, déi vertruede sinn, oder den Numm a Virnumm souwéi d’Uertschaft vun der professioneller oder privater Adress, wann et sech ëm eng natierlech Persoun handelt;
    • gegeebenefalls d’Gesetzesprojeten oder -virschléi souwéi d’Gesetzer, iwwert déi diskutéiert wäert ginn.

    No der Entrevue loossen d’Deputéiert dës Donnéeë souwéi eng kuerz Beschreiwung vun der Positioun, déi vun den Interessevertrieder an Drëttpersounen vertruede gouf, der Chamberverwaltung zoukommen, déi se hirersäits schnellstméiglech a spéitstens sechs Wochen no hirer Receptioun verëffentlecht.

    Falls déi uewe genannt Informatiounen den Deputéierten am Virfeld net iwwermëttelt goufen, ka laut dem Artikel 5 vum Code de conduite des députés luxembourgeois en matière d’intérêts financiers et de conflits d’intérêts keng Entrevue mam Zil, déi legislativ Aarbecht oder den Entscheedungsprozess vun der Chamber ze beaflossen, mat den Deputéierte stattfannen.

    Schutz vun den Donnéeën

    Andeems déi betraffe Societéiten, Institutiounen, Organisatiounen an natierlech oder juristesch Persoune déi uewe genannt Donnéeën den Deputéierten iwwermëttelen:

    • bestätege se, dass déi betraffe Persounen doriwwer informéiert sinn, dass déi vun hinne bereetgestallt Informatiounen an den Transparenzregëster agedroen a verëffentlecht ginn,
    • garantéiere se, dass d’Informatioune korrekt sinn, an erkläre sech averstanen, am Kader vun administrativen Ufroen a Bezuch op zousätzlech Informatiounen an Aktualiséierungen ze kooperéieren,
    • si se d’accord, dass dës Androung op hir eege Verantwortung zustane kënnt.

    Dir sidd invitéiert, d’Informatiounsblat iwwert de Schutz vun de perséinlechen Donnéeë vun de Persounen, déi am Transparenzregëster agedroe sinn, ze consultéieren. All Är Informatiounsufroe kënnt Der un d’elektronesch Adress registredetransparence@chd.lu schécken.

Beuecht wannechgelift, dass déi nei Bestëmmungen a Saachen Transparenzregëster de 15. September 2025 a Kraaft getruede sinn.

Aktuell ass keng Entrevue am Transparenzregëster agedroen. Zanter dem 15 September 2025 hunn d’Deputéiert no all Entrevue zwou Wochen Zäit, déi entspriechend Informatiounen der Chamberverwaltung ze iwwermëttelen, déi dës da spéitstens sechs Wochen no hirer Receptioun verëffentleche muss.

En neit Fonctionnement zanter dem 15. September 2025

No senger Aféierung am Dezember 2021 gouf den Transparenzregëster vun der Chamber am Juni 2025 reforméiert. An der Haaptsaach besteet d’Modifikatioun am Iwwergang vun enger Androung am Virfeld duerch d’Interessevertrieder oder d’Drëttpersounen, déi eng Entrevue mat engem Deputéierte wëllen, fir déi parlamentaresch Aarbecht ze beaflossen, zu enger Deklaratioun duerch den Deputéierten nom Zustanekomme vum Treffen. Zu de verëffentlechten Informatioune gehéiere vun elo un och de Sujet vun der Entrevue souwéi den Nimm vun dem oder de begéinten Deputéierten.

Consultéiert de viregten Transparenzregëster

Les députés s'accordent sur une réforme du registre de transparence

Article 21.05.2025