Parteiefinanzéierung

     

Mam Parteiefinanzéierungsgesetz vun 21. Dezember 2007, dat 2011 an 2016 adaptéiert gouf, huet de Legislateur e ganzen Ensembel vu Mesuren en place gesat, mat deenen déi politesch Parteien hir Aktivitéite kënnen ëmsetzen. Mat der Parteiefinanzéierung garantéiert hien eng absolut Transparenz vun der Parteiefinanzéierung, d’Gläichheet vu Chancen a Rechter vun de politesche Formatiounen an d’Onofhängegkeet vun de politesche Parteien an hien evitéiert Interessekonflikter.

Mat der Ëmsetzung vum Artikel 6 vum uewe genannte Gesetz, sinn déi follgend Dokumenter vun de verschiddene politesche Parteien deposéiert ginn:

  • hir Statuten
  • eng Lëscht vun hire Leaderen op nationalem Niveau
  • e Relevé vun den Donateuren an de jeeweilegen Donen, déi se kritt hunn (wéi den Artikel 9 et virgesäit)
  • hir Konten a Bilanen (wéi den Artikel 14 et virgesäit)

Den Artikel 16 gesäit vir, datt de Rechnungshaff fir all Geschäftsjoer e Rapport mat Observatioune schreift.

N.B. Dës Date kënnen och bei der Chamberverwaltung ugefrot a consultéiert ginn.

Vum Exercice 2012 u, publizéiert d’Chamber just nach d’Konten a Bilanen:

CSV

DP

LSAP

ADR

déi gréng

Piratepartei

déi Lénk

PID

KPL

Rapporte vun der Cour des comptes