Déi europäesch Aktivitéiten

 
Mam Artikel 12 vum Traité vu Lissabon kréien déi national Parlamenter d’Recht, fir „aktiv eppes fir de gudde Fonctionement vun der Unioun ze maachen.“ Zwee Zousazprotokoller concernéieren d’Parlamenter: deen een iwwer d’Roll vun de Parlamenter an der EU an deen aneren iwwer d’Ëmsetzung vum Subsidiaritéitsprinzip.

D’Chamber an der europäescher legislativer Prozedur:

D’Parlamenter sinn op verschiddenen Niveauen implizéiert:

1.) Doduerch, dass se d’Regierung kontrolléieren

Zu Lëtzebuerg ginn d’Ministere virun an no Reunioune vum EU-Conseil an eng Chamberkommissioun geruff. An der Annexe 3 vum Chamberreglement gëtt et Reegelen zur Zesummenaarbecht tëscht der Regierung an der Chamber a puncto Europapolitik.

2.) duerch hir Roll vun der Kontroll iwwer de Subsidiaritéitsprinzip, deen am Traité vu Lissabon festgeluecht ass

Konkreet bedeit dat, dass d’Parlamenter kënne motivéiert Avisen zu de legislativen europäeschen Akte ofginn. Déi Avise beschreiwen, firwat d’Subsidiaritéit net respektéiert ass. Si musse bannent engem Delai vun 8 Wochen un déi europäesch Institutioune geschéckt ginn.

Et gëtt eng Prozedur, an där d’Parlamenter mat zwou Kummeren eng Stëmm hunn an déi mat enger Kummer zwou Stëmmen:

  • Wann déi motivéiert Avisen iwwer en Drëttel vum Total vun de Stëmme kréien, da leeft d’Prozedur vun der Gieler Kaart un. D’EU-Kommissioun kuckt sech de Projet, ëm deen et geet, dann nach emol un a kann decidéieren, en ze halen, en ëmzeänneren oder en zréckzezéien.
  • Wann déi motivéiert Avisen eng einfach Majoritéit vum Total vun de Stëmme kréien, da leeft d’Prozedur vun der Oranger Kaart un. D’EU-Kommissioun kann de Projet bäibehalen, muss awer an deem Fall dem Conseil an dem Europaparlament soen, firwat se dat mécht. Wann dann och 55 % vun de Memberlänner oder eng Majoritéit vun de Memberlänner vum Europaparlament der Meenung sinn, dass géint de Subsidiaritéitsprinzip verstouss gëtt, dann ass déi legislativ Prozedur um Enn.

Déi motivéiert Avisen, déi d’Chamber erausginn huet, fannt Dir um IPEX-Site: ipex.eu 

3.) Iwwer de politeschen Dialog mat der EU-Kommissioun

An deem Dialog kënnen déi national Parlamenter Remarquen zu den europäeschen Dossiere maachen an den Inhalt kommentéieren. Dee Wee, fir mat der EU-Kommissioun ze kommunizéieren, ass a kengem Artikel vum Traité virgesinn.

Déi motivéiert Avisen, déi d’Chamber erausginn huet, fannt Dir um IPEX-Site: ipex.eu

4.) D’Ëmsetzung vun EU-Direktiven

D’Projete fir legislativ Akten, déi vum Conseil oder dem Europaparlament ugeholl goufen – wéi Reglementer an Decisiounen –, trieden direkt a Kraaft. D’Direktive mussen nach am nationale Recht iwwerholl ginn. D’Memberstaate mussen EU-Direkten an dat nationaalt Recht eriwwerhuelen. Dat ass am Artikel 4 vum Traité vun der Unioun virgesinn.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Direktiven iwwerholl

  • iwwer de Wee vun engem Gesetz, dat an der Chamber gestëmmt gëtt

  • iwwer groussherzoglech Reglementer (mat oder ouni Implikatioun vun der Chamber)

  • iwwer Moossname vun der Verwaltung, wann et schonn e Basisgesetz gëtt.

Wann den Delai fir d’Ëmsetzung iwwerschratt ass, kann d’EU Kommissioun eng Prozedur vu Violatioun vum Traité an d’Weeër leeden, fir de Memberstaat ze forcéieren, d’Direktiv ëmzesetzen. An där Prozedur kann d’Kommissioun d’Land ganz formell opfuerderen, sengen Obligatiouen nozekommen. Dono geet et, wann néideg, weider un den Europäesche Geriichtshaff, deen dann eng Decisioun, en Arrêt, hëlt. Eng zweet Prozedur ka lancéiert ginn, wann de Memberstaat trotz dem Arrêt vum Geriichtshaff d’Direktiv net ëmsetzt. De Geriichtshaff kann dann dem Staat eng Finanzstrof ginn. D’EU-Kommissioun leet d’Héicht vun där Strof fest. Dës Prozedure fir Sanktioune sinn an den Artikelen 258 an 260 vum Traité iwwer de Fonctionement vun der EU virgesinn.

D’Kooperatioun tëscht de Parlamenter

Déi national Parlamener hu verschidde Forme vu Kooperatioun, esouwuel um Niveau vun der Politik wéi och op deem vun der Verwaltung. 

Um Niveau vun de Verwaltungen hunn d’Parlamenter spezifesch Reseaue geschafe wéi IPEX, d’Representatioun vun den nationale Parlamenter zu Bréissel, EMAS an anerer.

Den Dialog tëscht de Bierger iwwer Europa 

D’Chamber sicht reegelméisseg den Dialog mat de Bierger. Si organiséiert Forume mat Bierger iwwer Europa. Eng grouss Tournée fir den Dialog war zum Beispill 2005 bei der Geleeënheet vun den Diskussiounen iwwer eng europäesch Verfassung.

D’Chamber empfänkt reegelméisseg Europadeputéierter fir e Meenungsaustausch. Deen Dialog ass een Element vum „Plang D“ vun der EU-Kommissioun: Demokratie, Dialog, Debatt.

D’Chamber hat och eng Rei Evenementer am Kader vun der Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa organiséiert. Den 1. Mäerz 2022 war an der Plenière eng Orientatiounsdebatt. Thema war e Rapport, an deem d’Fuerderunge vun den europäesche Bierger, déi se an de verschiddenen Evenementer formuléiert haten, zesumme gedroe gi waren.

D’Dokumenter, déi vun den europäeschen Institutioune weidergeleet ginn

Déi national Parlament kréien

  • D’Consultatiounsdokumenter (Kommunikatiounen, Gréngbicher a Wäissbicher) gradewéi d’Instrumenter vun der legislativer Programmatioun oder der Politikstrategie an och d’Projete fir legislativ Akte vum Europaparlament an dem Conseil ginn un déi national Parlamenter weidergeleet, dat op Basis vun den Artikelen 1 an 2 vum Protokoll Nummer 1 vum Lissabon-Traité iwwer d’Roll vun den nationale Parlamenter an der EU.

    Ënner „Projet fir e legislativen Akt“ versteet ee Propositioune vun der Kommissioun, Initiative vun engem Grupp vu Memberlänner, Initiative vum Europaparlament, Demandë vum Europäesche Geriichtshaff, Recommandatioune vun der Europäescher Zentralbank an Demandë vun der Europäescher Investitiounsbank, déi als Zil e legislativen Akt hunn.