Déi grouss Debatten an der Plenière

D'Debatt iwwer Europa- an Aussepolitik

Den Aussen- an Europaminister stellt der Chamber all Joer e Rapport iwwer d’europäesch an international Politik vum Land vir: d’Deklaratioun iwwer d’Aussen- an Europapolitik. D’Deputéiert huelen dann an der Debatt Stellung dozou.

Debatten iwwer Europa

Op Ufro vun der Chamber stellt de Premier oder e Member vun der Regierung, dee fir ee bestëmmten Dossier zoustänneg ass, d’Aarbechte vir, déi am Virfeld oder no engem EU-Conseil geleescht goufen. D’Chamber diskutéiert reegelméisseg, an esouguer ëmmer méi dacks, iwwer aktuell europäesch Sujeten an der Plenière. Esou Debatte kann et am Virfeld vu groussen Decisiounen um Niveau vun der EU ginn, no engem EU-Conseil oder zu all Moment, wou d’Parlament et opportun fënnt, fir Positioun ze bezéie par rapport zu rezenten Entwécklungen.

D’Ëmsetze vun den EU-Direktiven an nationaalt Recht

Wann eng EU-Direktiv iwwer Gesetz an nationaalt Recht iwwerholl gëtt, da geet se duerch all d'Etappe vun der legislativer Prozedur. Eng dovunner ass d’Debatt an der ëffentlecher Sëtzung.

Beispiller vun Debatten iwwer d’Europapolitik

A groussen europäesche Momenter an der Plenière geet et dacks ëm europäesch Traitéen, zum Beispill:

  • d’Debatt iwwer den Traité fir eng europäesch Constitutioun (Debatt virum 1. an virum 2. Vott doriwwer)
  • d’Debatt iwwer d’Organisatioun vun engem nationale Referendum iwwer den Traité fir eng europäesch Constitutioun
  • d’Debatt iwwer den Traité vu Lissabon
  • d’Orientatiounsdebatt den 1. Mäerz 2022 iwwer de Rapport „Wéi eng Zukunft fir Europa?“, d’Resultater vun der Chamber hirer Consultatiounsdebatt bei den Awunner vum Land am Kader vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa.