D'Fuerschung am Déngscht vum Parlament

Mat wëssenschaftlechen Daten an Erkenntnisser den ëffentlechen a politeschen Debat opklären an doduerch d’Demokratie stäerken

De Wëssenschaftlechen Déngscht, och Cellule scientifique genannt, gouf 2021 kreéiert, fir der Chamber en onofhängegen, politesch neutralen an objektive Fuerschungs- a Berodungsdéngscht ze ginn. 

D’Zil ass et, den Deputéierten déi néideg Informatiounen ze ginn, déi hinnen et erlaben, sech iwwer komplex Thematiken eng Meenung ze bilden.

Stresstest vun den demokrateschen Institutiounen

D’Cellule scientifique féiert eng grouss ugeluechte prospektiv Studie duerch mam Zil, déi demokratesch Institutiounen zu Lëtzebuerg engem Test vun hirer Stäerkt bzw. Resilienz am Hibléck op eventuell autoritär Entwécklungen.

Méi uweisen
    • De Legislateur iwwer wëssenschaftlech Froen opklären, déi de politesche Choix kënne beaflossen
    • Wëssenschaft, Gesellschaft a Politik méi no zesummebréngen an dozou bäidroen, déi wëssenschaftlech Kultur ze fërderen
    • Duerch d’Zesummenaarbecht mat wëssenschaftleche Partneren zu Lëtzebuerg a weltwäit zur Vernetzung vun der Chamber bäidroen
  • D’Cellule scientifique setzt sech aus Fuerscher zesummen, déi an de Beräicher 
    Rechts-, Natur- an Humanwëssenschaften noweislech Expert sinn. E multidisziplinäre Reseau aus nationalen an internationale Spezialiste steet hir bei Bedarfzur Säit.

  • D’Membere vum wëssenschaftlechen Déngscht engagéieren sech de wëssenschaftleche Konsens op eng transparent, onofhängeg a kritesch Manéier ze presentéieren. Wann de wëssenschaftleche Konsens ëmstridden ass, ginn déi verschidde Bléckwénkel mat hire jeeweilegen Argumenter a Konsequenze presentéiert. 

    Fir dass de Wëssenschaftlechen Déngscht zouverlässeg Informatiounen ubidde kann, verschreiwe seng Mataarbechter sech strenge wëssenschaftleche Qualitätsstandarden.

Aktivitéite vun der Cellule scientifique

Méi uweisen