Eng Visite guidée reservéieren

 

Op Grond vu Renovatiounsaarbechten sinn tëschent dem 23. Mäerz an dem 24. Abrëll 2026 keng Visitte vun der Chamber. Mir soen Iech Merci fir Ärt Versteesdemech.

D'Parlament bitt begleeten Tier fir Gruppe vun op d'mannst 10 Persounen duerch d'Chamber un.

Dës Visitte gi vun engem Member vun der parlamentarescher Verwaltung gemaach. Wärend der Visitte gëtt op d'Geschicht vum Lëtzebuerger Parlament an op déi legislativ Aarbecht vum Parlament a senger Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Regierung gekuckt.

D'Visitte ginn op "Mesure" gemaach : de Contenu gëtt un d'Visiteuren ugepasst.

D'Visitte kënnen op Lëtzebuergesch, op Franséisch, op Däitsch oder op Englesch gemaach ginn. 

De Formulaire fir esou eng Visitt unzefroen, fannt Dir hei drënner. 

E Member vun der parlamentarescher Verwaltung wäert sech mat Iech a Kontakt setzen, fir Äre Rendez-Vous ze confirméieren oder fir weider Detailer ze kréien. 

Bis geschwënn an der Chambre des Députés !

Reservatiounsformulaire