D’EU an der Aarbecht vun de Chamberkommissiounen

  
D’Kommissioun vun den europäeschen a baussenzegen Ugeleeënheeten, vun der Kooperatioun, der Immigratioun an dem Asyl huet als Optrag, déi verschidden europäesch legislativ Akten ze ënnersichen, ier se un aner Kommissioune geschéckt ginn, fir dass déi en Avis kënne ginn. Offiziell Vertrieder vun der Regierung oder vun den europäeschen Institutioune kënnen an d’Kommissioun kommen an do matdiskutéieren.

D’Organisatioun vun den Aarbechten 

Si bekëmmert sech haaptsächlech ëm europäesch Themen, déi méi generell sinn oder déi speziell an ee vun hire Beräicher falen. Si ënnersicht d’Lëscht vun den offiziellen europäeschen Dokumenter, déi vun den EU-Institutioune kommen. Si gi fir eng weider Analys un déi verschidde Chamberkommissioune weidergeschéckt.

Analys vun den Dokumenter 

Déi verschidde Kommissioune gi mat deenen Dokumenter befaasst, déi an hire Kompetenzberäich falen. Si ënnersichen d’Dokumenter a ginn, wann néideg, en Avis.

Virun an no all Reunioun vum europäesche Conseil kann d’Chamberkommisssioun de Minister, dee fir den Dossier zoustänneg ass, froen, hir d’Positioun vun der Regierung duerzeleeën.

D’Chamberkommissioun kann och all Moment e Vertrieder vun der EU-Kommissioun oder vum Europaparlament an eng Reunioun invitéieren.

Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa 

D’Sous-Kommissioun vun der Kommissioun vun den europäeschen a baussenzegen Ugeleeënheeten „Zukunft vun Europa“ gouf no den Aarbechte vun der Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa bäibehalen. Dat erlaabt e politesche Suivi vun de Conclusioune vun der Konferenz.