De parlamentaresche Léierstull

D'Chamber ënnerstëtzt d'Recherche an de parlamentareschen Etüden.

E Léierstull an Zesummenaarbecht mat der Uni.lu 

Zanter 2011 besteet e Partenariat tëscht dem Lëtzebuerger Parlament an der Uni Lëtzebuerg. Just 16 Länner hunn eng änlech Zesummenaarbecht. De Léierstull gëtt vum Professer Philippe Poirier geleet. Dee gesäit am Studiegang eng Opportunitéit fir d'Demokratie ze studéieren an ze verbesseren. Mam Léierstull an de parlamentareschen Etüden soll et zu engem bessere Versteesdemech vum Parlamentarismus an den nationalen an europäeschen Prozesser an dem Fonctionement dovunner kommen. De Partenariat soll dozou féieren, datt méi wëssenschaftlech Date geschaafe ginn an d'Situation vum Parlamentarismus zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus besser verstanne gëtt. 

Konferenzen, Publikatiounen an e Master an de parlamentareschen Etüden

De parlamentaresche Léierstull organiséiert international Konferenzen, wou Deputéiert, Politologen a Verfassungsexperten an der Chamber zesummekommen. Donieft elaboréiert en Etuden iwwer d'Walen zu Lëtzebuerg. De Léierstull erméiglecht et aner Fuerschungsprojeten z'ënnerstëtzen, d'Recherchen um Niveau vum Doktorat ze finanzéieren an auszebauen a fir akademesch Publikatiounen a Publikatioune fir de grousse Public ze verëffentlechen. E Master an de parlamentareschen Etüden gëtt et zanter der Schoulrentrée 2020-2021. 

Publikatioune

La synthèse de l’étude POLINDEX 2023 sur les comportements électoraux est disponible

Le professeur Philippe Poirier a été reçu à la Chambre des Députés pour présenter un document de synthèse de l’étude POLINDEX 2023 aux membres du Bureau de la Chambre.

Méi uweisen

D'Membere vum Comité d'accompagnement :

De Champerpresident an de Secrétaire général sinn d'office Member.