D'Funktioun vun den Deputéierten

    

Déi politesch Verdeelung vun den Deputéierte spigelt d’Walresultater erëm, mee hir geographesch Representatioun ass virginn: Vun de 60 Deputéierten, kommen der 23 aus dem Bezierk Süden, 21 aus dem Zentrum, 9 aus dem Norden a 7 aus dem Osten. Onofhängeg dovun, wou se politesch oder geographesch hierkommen, gëtt et e feste Kader fir d’Mandat vun den Deputéierten

D’Mandat vum Deputéierten: Dauer a Modalitéiten

D’Deputéiert si fir fënnef Joer gewielt. Dee Moment, wou se hir Funktioun iwwerhuelen, musse se en Eed an enger ëffentlecher Sëtzung ofleeën. Si engagéiere sech, hiert Mandat onofhängeg auszeüben. Si däerfe keng Instruktioune kréien.

Code de conduite : Interessekonflikter verhënneren, Revenuen deklaréieren

Zanter der parlamentarescher Sessioun 2014-2015, mussen d’Deputéiert e Code de conduite anhalen, deen eng gewëssen Zuel vu Reegelen an deontologesch Normen definéiert. D’Zil vum Code ass et, den Deputéierten a sengem Verhalen ze guidéieren, wann et e Risk vun Interessekonflikter gëtt. Fir d'Transparenz ze garantéieren, deklaréieren d’Deputéiert hir Revenuen an hir finanziell Interessien. D’Deklaratioun gëtt um Site vun der Chamber verëffentlecht, ënnert dem Profil vum Deputéierten. De Code de conduite ass am Chambersreglement ageschriwwen.

Am Kader vu sengem Mandat huet en Deputéierte kee Recht Kaddoen unzehuelen, déi e Wäert vun iwwer 150 Euro hunn. Hien däerf keng Rees-, Iwwernuechtungs- oder Openthaltskäschte vun Drëtte bezuelt kréien. Eng Panoplie vu Sanktiounen ass virgesinn. Déi gi vun der Verwarnung oder dem ëffentleche „Blâme“ bis hin zum Ausschloss aus verschiddene parlamentareschen Aktivitéiten an Delegatiounen. E consultative Comité iwwerwaacht, datt de Code de conduite agehale gëtt. Seng dräi Memberen, déi vum Bureau vun der Chamber fir eng Legislatur nominéiert ginn, beroden d’Deputéiert.

Deklaratioun iwwer Revenuen a finanziell Interessien

Inkompatibilitéiten : Exklusivitéit vum Mandat a verschiddene Fäll

Dat parlamentarescht Mandat ass net kompatibel mat, haaptsächlech, engem Fonctionnairesposten, engem Posten als Employé oder Aarbechter, dee vum Staat bezuelt gëtt, vun engem ëffentlechen Etablissement, dat ënnert der Opsiicht vum Staat steet, vun enger Gemeng, engem Gemengesyndikat, oder engem ëffentlechen Etablissement, dat ënnert der Opsiicht vun enger Gemeng steet. Et ass och net kompatibel mat Agenten, déi bei den CFL schaffen. Wann en Deputéierten eng vun dëse Funktioune viru sengem Mandat ausüübt, gëtt en dovun entbonnen, soubal en d’Chambermandat akzeptéiert.

D’Deputéiertemandat ass och net kompatibel mat der Funktioun als Member vun der Regierung, dem Staatsrot, dem Rechnungshaff, als Magistrat de l’ordre judiciaire, als Distriktkommissär, als Agent comptable de l’Etat et de militaire de carrière en activité de service.

Basisremuneratioun : Ausbezuele vun Indemnitéiten

D’Deputéiert kréien all Mount eng Indemnitéit. D’Deputéiert hunn och e Recht op Jetone fir hir Presenz an den ëffentleche Sëtzungen an an de Reunioune vun de Kommissiounen. Bis e gewëssene Plaffong, kënnen d’Deputéiert d'Käschten zeréckkréien, déi wéinst dem Engagement vun engem Mataarbechter ufalen.

Zousätzlech Remuneratiounen: de politesche Congé an eng speziell Pensioun

Fir hirem Mandat nozekommen, hunn Employéen aus dem Privatsecteur d’Recht op e politesche Congé vu maximal 20 Stonnen. Wärend dem politesche Congé, kritt de concernéierten Deputéierte weider eng Remuneratioun fir seng professionell Aktivitéit. D’Chamber rembourséiert dem Employeur de Brutto-Salaire an d’Patronscotisatiounen, déi un d’Sécurité sociale musse bezuelt ginn, woubäi et awer e maximale Stonnentaux gëtt.

D’Deputéiert, déi e bezuelte Poste beim Staat oder enger Gemeng haten, deen net kompatibel mat hirem Mandat ass, oder e bezuelte Poste bei engem ëffentlechen Etablissement ënnert der Kontroll vum Staat oder enger Gemeng, kréien eng speziell Pensioun, fir déi de Staat muss opkommen.

D’Deputéiert, déi als Independant geschafft hunn oder ënner 65 Joer al sinn a kee Beruff haten, kréie vun der Chamber eng Kompensatioun op d’Stonn. Si beleeft sech op dat Duebelt vum qualifizéierte Mindestloun fir Leit, déi fir eng Famill opkommen.

Juristesch Aktiounen : d’Méiglechkeet vu Poursuitten

Et kënne keng zivil a strofrechtlech Aktioune géint en Deputéierte geriicht sinn, wéinst senge Meenungen a Votten, am Kader vu senger Funktioun als Deputéierten. An all deenen anere Fäll kënnen Deputéierter op strofrechtlechem Plang verfollegt ginn. D‘Arrestatioun vun engem Deputéierte wärend enger Sessioun muss den Accord vun der Chamber hunn, ausser am Fall, wou en in flagranti bei engem Delikt erwëscht gëtt. D’Autorisatioun vun der Chamber ass awer net fir d’Exekutioun vun der Strof néideg, och net fir d’Fräiheetsstrofen.