Bei enger ëffentlecher Sëtzung derbäi sinn

    
Déi ëffentlech Sëtzungen an der Chambre des Députés, wärend deenen d’Deputéiert iwwer Gesetzer debattéieren an ofstëmmen, si fir all d’Bierger zougänglech. D’Sëtzunge gi live op Chamber TV, der Televisiounschaîne vum Parlament, diffuséiert. Si ginn och am Livestream op der Internetsäit vun der Chamber gewisen.

Dir kënnt wärend enger ëffentlecher Sëtzung derbäi sinn. Dofir sinn d’Tribünen am Sëtzungssall virgesinn.

Wéi kann ech bei enger ëffentlecher Sëtzung derbäi sinn? 

Fannt hei déi ënnerschiddlech Etappen a wichteg Informatiounen, fir kënnen un enger ëffentlecher Sëtzung deelzehuelen:

  • Kuckt d’Datumer fir déi ëffentlech Sëtzungen am Kalenner vun der Chamber no;
  • D’Entrée fir an déi ëffentlech Sëtzung ass an der Rue de l’Eau, op der Säit vum Hôtel vun der Chamber (fannt eng Foto vun der Entrée an der Fotogalerie);
  • D’Diere ginn e puer Minutte virun der ëffentlecher Sëtzung opgemaach;
  • Dir sidd net obligéiert vun Ufank un déi ëffentlech Sëtzung ze suivéieren, mee Dir kënnt och zu engem spéidere Moment eragoen;
  • Wann Dir ukommt, ginn Är perséinlech Saache vu Sécherheetsagente kontrolléiert an Dir musst Är Identitéitskaart weisen;
  • D’Tribün fir de Public befënnt sech um zweete Stack vum Gebai an ass accessibel per Lift oder Trapenhaus. Ronn 50 Plazen sinn disponibel;
  • Wann Dir op der Tribün ukommt, musst Dir sëtze bleiwen, roueg sinn an Dir dierft Iech net bemierkbar maachen. 

D’Visiteursentrée ass an der Rue de l’Eau.

  
Wann eng ëffentlech Sëtzung ass, sinn d’Diere fir de Public an der Waassergaass op.