Informatiounen iwwer Europa um Internet

Hei gëtt et eng ganz Partie Sitten, op deenen ee méi iwwer d’europäesch Institutiounen oder Aktualitéit gewuer gëtt.

Europa

Europa“ ass de Site vun der EU, bei deem et drëm geet, d’Transparenz vun den EU-Institutiounen ze verbesseren. E riicht sech un all Bierger, dee sech iwwer d’EU informéiere wëllt. Et ass en Zougang op d’Internetsäite vun den Institutiounen an Organer an op déi legislativ Dokumenter vun der EU. Et ginn och aner Linken uginn, iwwer déi een nach méi iwwer déi komplex Prozedure vun der EU gewuer gëtt.

Institutiounen an Organer vun der EU

Finanzorganer

 

Konsultativ Organer

Droit: den Accès op europäesch legislativ Dokumenter

  • PreLex: eng Datebank, iwwer déi een déi grouss Etappe vum Decisiounsprozess tëscht der Kommissioun an deenen aneren EU-Institutioune gesäit.
  • EUR-Lex: Hei huet een direkt a gratis Zougrëff op den Droit vun der EU an et gesäit een de Journal officiel vun der EU.
  • Observatoire Législatif du Parlement européen - OEIL: de legislativen Observatoire vum Europaparlament – OEIL. Hei kann een op englesch a franséisch de Suivi vun den Aarbechte vun de parlamentaresche Kommssioune maachen a legislativ Dokumenter nosichen.
  • IPEX : Den Internetsite vun den nationale Parlamenter iwwerhëlt d’Numerotatioune vu PreLex a setzt d’Dokumenter vun den nationale Parlamenter bäi.

Aner Linken