D’Geschicht vun de Chambergebaier

   

D’Chambergebai ass en ëffentlecht Gebai mat enger laanger Geschicht.

Déi éischt Assemblée ass am Hôtel de Gouvernement

No der Onofhängegkeet vun 1839 siegéiert d’Assemblée des états, déi dono d’Chamber gëtt, am Hôtel de Gouvernement. Méi spéit ass den Hôtel de Gouvernement de groussherzogleche Palais an d’Seancë vum Parlament ginn an der Stater Märei ofgehalen.

Dat aktuellt Gebai vun der Chamber gëtt tëscht 1858 an 1860 gebaut

D’Gebaier Wirtgen, Baustert, Hernandez a Heynen um Krautmaart ginn ofgerappt, fir dass op där Plaz dat neit Chambergebai ka gebaut ginn. D’Pläng si vum Ingenieur Antoine Hartmann. Et ass am Ufank net un den Hôtel de Gouvernement ugebaut. Et huet véier Säiten, déi gotesch a klassesch Elementer esouwéi Elementer aus der Renaissance virweisen.

Rue du Marché-aux-Herbes avec le bâtiment actuel de la Chambre de 1860

Am Joer 1881 gëtt d’Chamber vergréissert an ëmgebaut

Et geet drëms, méi grouss Tribünen ze bauen. Opgrond vun deenen Aarbechte verschwënnt den Tëscheraum tëscht der Chamber an dem Hôtel de Gouvernement.

 

Plan d'aggrandissement de la Chambre

1890 gëtt d’Chambergebai un de Stroumreseau, deen déi Zäit vun enger Privatgesellschaft geréiert gëtt, ugebonnen.

Am Laf vum 20. Joerhonnert : E puer Projete ginn näischt

Vun Ufank u gëtt sech beschwéiert, dass d’Raimlechkeeten ze kleng wären. D’Chamber gëtt e puermol vergréissert. Tëscht 1934 an 1935 gi siwe Projete virgestallt, fir d’Chamber méi grouss ze maachen, wéi zum Beispill de Bau vun engem weidere Fligel laanscht d’Waassergaass oder den Ausbau a Richtung vum Gebai Richard mat engem iwwerdaachte Passage tëscht den zwee Gebaier.

Plans d'aggrandissement de la Chambre avec  passerelle

Kee vun deene Projete gëtt realiséiert. Och en anere Projet, fir d’Chamber ze vergréisseren, vun 1954 kritt keng Suitten. 

Chambre des Députés sur la place du St.Esprit

Am Joer 1980 stëmmt d’Chamber e Gesetz, dat en neit Chambergebai um Helleg-Geescht-Plateau virgesäit. Och dëst Gebai gëtt ni realiséiert, dat besonnesch wéinst der wirtschaftlecher Kris déi Zäit.

 

An den 80er- an 90er-Jore gëtt d’Chamber méi grouss gemaach a renovéiert

Am Joer 1985 gëtt d’Gebai a Richtung vum groussherzoglechen Haff vergréissert a renovéiert. 

D’Aarbechte fänken 1997 un a ginn 1999 op en Enn. D’Extensioun a Richtung hënneschten Haff erlaabt et, technesch Installatiounen a Lokaler ze bauen. Nei Trape gi gebaut an e Lift fir de Public. D’Salle plénière gëtt och vergréissert. Op d’Plaze vun den Deputéierte komme Computeren an déi elektronesch Kommunikatioun gëtt op den deemools neiste Stand bruecht.

D’Chamberverwaltung kënnt an de Printz/Richard an an de Wiltheim

D’Chamber keeft 1958 d’Gebai Richard op der Nummer 14 an der Waassergaass an installéiert do d’Bureaue vun hirer Verwaltung. Am Joer 1988 keeft de Staat d’Gebai Printz op der Nummer 12 an der Waassergaass. Am Laf vun der Zäit breet sech d’Chamberverwaltung op e puer Gebaier aus, haaptsächlech an der Rue du Saint-Esprit. Déi éischt Aarbechten, fir d’Gebaier Richard a Printz ze renovéieren, fänken 2000 un a ginn 2006 op en Enn. Zanter August 2006 ass d’Majoritéit vun de Chamberzerwisser an engem renovéierte Komplex an der Waassergaass an um Krautmaart ënnerbruecht. Enn 2010 keeft d’Chamber d’Gebai Wiltheim, eng fréier Bank vis-à-vis vum Haaptgebai vun der Chamber.