D’Fuerschung am Déngscht vum Parlament

D’Fuerschungsaarbecht am Déngscht vun den Deputéierten

D’Themeberäicher ginn ëmmer méi variéiert a komplex. Fir datt d’Deputéiert sech iwwer d’Sujeten eng Meenung bilde kënnen, stellt de wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber Informatiounen zur Verfügung. Am September 2021 gouf d’Cellule scientifique gegrënnt a si huet zanterhir eng Rei Fuerschungsdokumenter zesummegestallt.

De wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber, eng multidisziplinär Ekipp

Op Ufro vun den Deputéierten, der Präsidentekonferenz, dem Chamberbureau, de Kommissiounen, de Fraktiounen a politesche Sensibilitéiten oder och nach dem Generalsekretär fuerschen d’Membere vum wëssenschaftlechen Déngscht iwwer Sujeten no. Si analyséieren Informatiounen a maachen eng Synthèse dovunner.

De Moment besteet de wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber aus 8 Mataarbechter, déi an de Beräicher Recht, Natur- an Humanwëssenschaften, Ekonomie an Ëmwelt Expert sinn. E multidisziplinäre Reseau aus nationalen an internationale Spezialiste steet der Cellule scientifique, wann e gebraucht gëtt, zur Säit. D’Membere vum wëssenschaftlechen Déngscht engagéiere sech de wëssenschaftleche Konsens op eng transparent, onofhängeg a kritesch Manéier ze presentéieren. D’Recherchedokumenter, déi ausgeschafft ginn, ënnerleien der Responsabilitéit vun der Chambre des Députés.