Dateschutz

  

Nott iwwer de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

D’Zil vun dëser Nott ass, fir Iech doriwwer ze informéieren, wéi d’Parlament, dat responsabel fir den Traitement ass, Är perséinlech Daten, déi Dir der Chamber kommunizéiert, notzt a geréiert.

D’Chamber engagéiert sech, d’Privatliewe vun all Persoun, déi d’Chamber kontaktéiert, ze schützen.

D’Chamber engagéiert sech, d’Reglementatioun iwwert de Schutz vu perséinlechen Donnéeën, déi a Kraaft ass, ze respektéieren.

Responsabel fir den Traitement

Chambre des Députés, 23, rue du Marché-aux-Herbes, L-1728 Luxembourg, Grand-Duché de Luxembourg

Delegéierte fir den Dateschutz („DPO“)

Georges Wantz pour la société à responsabilité limitée Deloitte Tax & Consulting, 20, Boulevard de Kockelscheuer, L-1821 Luxembourg.

Wéi eng perséinlech Donnéeë si concernéiert ?

Perséinlech Donnéeën, déi via de Kontaktformulaire erakommen, Är Demande fir en Abonnement (fir d’Chamberdossieren oder de Compte rendu), oder Donnéeën zu der Mail, déi der ons schéckt, gi gesammelt.

Et handelt sech ëm dës perséinlech Donnéeën:

  • Numm, Virnumm, Adress
  • E-Mail-Adress, Telefonsnummer
  • Passwuert

Ëffentlech Petitioun

Am Kader vun enger ëffentlecher Petitioun, ginn déi follgend perséinlech Donnéeë gesammelt an traitéiert:

  • Numm, Virnumm, Adress,
  • Gebuertsuert a Gebuertsdatum,
  • E-Mail-Adress, Telefonsnummer (fakultativ),
  • Passwuert (néideg, wann e Kont opgemaach gëtt, fir um Forum ze participéieren)

Einfach Petitioun

Am Kader vun enger einfacher Petitioun, ginn déi follgend perséinlech Donnéeë gesammelt an traitéiert:

  • Numm, Virnumm, Adress,
  • E-Mail-Adresse, Telefonsnummer (fakultativ)

Iwwert de Site ass d’Chamber net befäegt sensibel Daten ze traitéieren. Dofir invitéiert d’Chamber Iech esou Donnéeën net iwwert de Site weiderzeschécken, mee d’Chamber op direktem Wee ze kontaktéieren.  

Firwat traitéiere mir Är Daten ?

Mir traitéieren Är perséinlech Donnéeë fir :

  • Iech Informatiounen iwwer d’Chamber zoukommen ze loossen (parlamentaresch Dossieren, europäesch Dossieren, parlamentaresch Froen, Petitiounen), wann Dir fir d’Alerten abonnéiert sitt,
  • Iech de Comte rendu vun den ëffentlechen Sitzungen zoukommen ze loossen, wann Dir d’Alerten abonnéiert sitt,
  • Iech op Är Ufroe fir Renseignementer a Kontakt kënnen ze äntweren,
  • déi ëffentlech Petitioun ze traitéieren, déi Dir deposéiert oder ënnerschriwwen hutt,
  • déi einfach Petitioun ze traitéieren, déi Dir deposéiert hutt.

Dës Traitementer si méiglech well Dir entweder eis Ären Accord ginn huet, dat heescht, Dir hutt d’Chamber gefrot fir Iech ze kontaktéieren oder Iech Informatiounen ze schécken, oder well dës Traitementer sech an d’Missioun vum generellen Interessi vun der Chamber aschreiwen.

Wéi laang ginn Är Date conservéiert ?

Är perséinlech Date gi gehalen, bis Äert Abonnement ausleeft. Dir kënnt Äert Averständnis zu all Moment zeréckzéien, soudatt Är Donnéeen net méi genotzt ginn. Déi ginn dann um Enn vun Ärem Abonnement geläscht.

Wat d’perséinlech Date ugeet, déi Dir bei enger Demande fir e Renseignement oder bei enger Kontaktufro hannerloosst, esou ginn dës gehalen, bis Är Demande traitéiert gouf. Si ginn duerno geläscht.

Ëffentlech Petitioun

Är perséinlech Daten am Zesummenhang mat enger ëffentlecher Petitioun gi gehalen, bis d’Petitiounsprozedur eriwwer ass.

Eng Versioun op Pabeier vun den ëffentleche Petitioune gëtt fir d’Archiv gehalen. D’Ënnerschrëft vun enger ëffentlecher Petitioun via e Formulaire op Pabeier gëtt der Chamberverwaltung zur Verfügung gestallt a gëtt fir d’Archiv gehalen.

Einfach Petitioun

Eng Versioun op Pabeier vun den einfache Petitioune gëtt fir d’Archiv gehalen. Dat selwecht gëllt fir d’Ënnerschrëft fir eng einfach Petitioun via e Formulaire op Pabeier.

Wouhinner ginn Är perséinlech Daten transferéiert ?

Am Kader vun den Abonnementer kënnen Är perséinlech Daten un Ënnerhändler weidergereecht ginn, besonnesch wann et ëm Abonnementer vum Compte rendu geet.

Är perséinlech Donnéeë kënnen och un aner ëffentlech Administratiounen zu Lëtzebuerg weidergereecht ginn, dat fir Ärer Demande am beschten nozekommen oder am Fall vun engem Iertum.

Am Kader vun der ëffentlecher Petitioun, kënnen Är perséinlech Donnéeen un de Centre des technologies de l’information de l’Etat (CTIE) weidergi ginn, fir Är Inscriptioun am nationale Regëster vun de physesche Persounen ze iwwerpréiwen.

Et gi keng perséinlech Daten aus der europäescher Unioun eraus transferéiert. 

Wat sinn Är Rechter ?

All Persoun, där hir perséinlech Donnéeë vun der Chamber traitéiert ginn, kann déi follgend Rechter geltend maachen.

Allerdéngs kann d’Chamber Är Demande refuséieren, wa se net deem gerecht gëtt, wat d’Gesetz freet.

  • D’Recht op den Accès op Är perséinlech Daten: Dir kënnt eng Confirmatioun kréien, datt mir Är Daten traitéieren, an eng Kopie vun deenen Date kréien.
  • D’Recht ze rektifizéieren: Dir kënnt eng Rektifikatioun vun Äre perséinlechen Donnéeë froen, wann dës falsch oder net komplett sinn.
  • D’Recht, Är Donnéeën ze läschen: Dir kënnt eng Demande maachen, fir datt Är perséinlech Date geläscht ginn.
  • D’Recht op e limitéierten Traitement: Dir kënnt eng Demande maachen, fir datt d’Chamber verschidden Traitementer just limitéiert duerf maachen.
  • D’Recht, sech géint en Traitement ze wieren: Dir kënnt Iech zu all Moment géint en Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeë wieren.
  • D’Recht op Dateniwwerdrobarkeet: Dëst Recht applizéiert sech net op en Traitement, dee fir eng Missioun vu generellem Interessi noutwenneg ass oder dee sech op den Exercice vun enger ëffentlecher Autoritéit bezitt, an där d’Chamber engagéiert ass.
  • D’Recht, Ären Accord zeréckzezéien: Dir kënnt zu all Moment den Accord zeréckzéien, op deem den Traitement berout.
  • D’Recht, eng Reklamatioun eranzeginn: Dir kënnt eng Reklamatioun bei der Kontrollautoritéit, der nationaler Dateschutzkommissioun, eraginn, wann Dir dat noutwenneg fannt.

Fir vun Äre Rechter Gebrauch ze maachen, leet dës Informatioune vir :

  • Numm, Virnumm,
  • E-Mail-Adress oder Adress,
  • Am Fall, wou et en Zweiwel iwwert d’Identitéit vun der Persoun gëtt, déi eng Demande stellt, kann d’Chamber zousätzlech Informatioune froe wéi zum Beispill eng Kopie vun der Carte d’identité, dat fir d’Identitéit vun der Persoun confirméiert ze kréien.

Schéckt eis dës Informatiounen iwwer ageschriwwene Bréif un déi follgend Adress :

Chambre des Députés

A l’attention du Délégué à la protection des données

23, rue du Marché-aux-Herbes

L-1728 Luxembourg

Schéckt eis keng Pièce d’identité iwwer E-Mail.

Wéi sinn Är Donnéeë geschützt ?

D’Chamber verflicht sech, technesch an organisatoresch Sécherheetsmesuren en place ze setzen, fir Är perséinlech Daten ze schützen.

Fir d’Sécherheet vun der Kollekt vun Äre perséinlechen Date via den Internetsite ze garantéieren, gëtt um Site d’Verschlësselungs-Technologie SSL genotzt fir Är Donnéeën un eis ze schécken.

Kontakt

Fir eis ze kontaktéieren :  

  • iwwer E-Mail : DPO@chd.lu
  • iwwer Telefon : (+352) 466 966-385
  • per Post:

Chambre des Députés

A l’attention du Délégué à la protection des données

23, rue du Marché-aux-Herbes

L-1728 Luxembourg