D’Geschicht vun de Walen

D’allgemengt Walrecht, dat 1919 no enger Rei Reforme vum Walsystem ageféiert gëtt, ass e kruziale Moment am politesche Liewe vum Grand-Duché.

Une urne électorale en bois
L'urne électorale, symbole des élections

Vun 1841 bis 1848 : Majorzsystem mat indirektem Zensuswalrecht

Virun 1848 gëtt d’Chamber all dräi Joer iwwer e System vun indirektem Zensuswalrecht erneiert. Et ass e Majorzsystem mat engem Zensuswalrecht an zwou Etappen : Ongeféier 3 % vun der Bevëlkerung wielen an enger éischter Etapp, an eng 30 Notabeler pro Kanton an enger zweeter Etapp. Fir en Deputéierten direkt ze wielen, sinn d’Stëmme vun der Hallschecht vun de Wieler plus eng néideg. Wann iwwer dee Wee net all d’Deputéiert kënne gewielt ginn, ass déi zweet Etapp. Do geet dann eng relativ Majoritéit duer. D’Mandat dauert sechs Joer. An der Chamber si virun allem grouss Proprietairen.

1848 : Dat direkt Zensuswalrecht gëtt ageféiert

D’Assemblée, déi 1848 d’Verfassung ausschafft an unhëlt, ass nom System vum Zensuswalrecht an zwee Tier gewielt. Trotz der revolutionärer Stëmmung ignoréiert se, dass Katholiken an déi Radikal dat allgemengt Walrecht fuerderen. Si féiert allerdéngs dat direkt allgemengt Walrecht an. Et gëtt elo och der mëttlerer Bourgeoisie méiglech, mat wielen ze goen, doduerch dass den Zensus net ze héich ass. Allerdéngs ass et awer nach manner wéi e Véierel vun der Bevëlkerung am Walalter (iwwer 25 Joer), dee wiele ka goen. 1848 huet d’Walgesetz een Deputéierten op 3.500 Awunner virgesinn. Deemno sinn 51 Deputéiert an der Chamber. Nodeem dat indirekt Zensuswalrecht 1856 erëm ageféiert ginn ass, gëtt dat direkt Walrecht 1860 definitiv ugeholl. Well den Zensus erëm héich ass, kënne wéineg Leit wiele goen. Vun 1857 bis 1868 ass d’Zuel vun den Deputéierten op 31 festgeluecht an onofhängeg vun der Zuel vun den Awunner am Land.

Vun 1868 bis 1919 : Den Zensus geet no an no erof

1868 schreift d’Walgesetz een Deputéierten op 5.000 Awunner vir. Op déi Manéier sinn 1868 40 Deputéiert an der Chamber. D’Bevëlkerung wiisst virun allem am Süde vum Land an 1916 ginn et 53 Deputéiert. Den Zensus geet no an no erof an domadder gëtt d’Elektorat méi grouss. Virum Éischte Weltkrich hu bal zwee Drëttel vun de Männer d’Walrecht.

1919 : Dat allgemengt Walrecht gëtt ageféiert

D’Verfassungsrevisioun vun 1919 féiert dat allgemengt Walrecht an; d’Walrecht hänkt net méi vum Zensus of an och Frae kënne wiele goen. De Walalter geet op 21 Joer erof. Et gëtt net méi no engem Majorz-, mee no engem Proporzsytem gewielt, an dat mat Wallëschten. D’Mandat vum Deputéierten dauert sechs Joer an all dräi Joer gëtt d’Chamber zur Hallschecht erneiert – eng Kéier am Süden an am Osten an déi aner Kéier am Zentrum an am Norden. Et gëtt een Deputéierten op 5.500 Awunner an déi Reegel, déi der Gréisst vun der Bevëlkerung Rechnung dréit, gëtt et bis 1984.

Vun 1919 bis haut : De Walsystem gëtt un déi nei Realitéiten ugepasst

1956 leet eng Revisioun vun der Verfassung fest, dass d’Chamber all fënnef Joer integral erneiert gëtt. Mat der Verfassungsrevisioun vun 1988 gëtt d’Zuel vun den Deputéierten op 60 festgeluecht. 1972 gëtt de Walalter op 18 Joer erofgesat. Dat passiivt Walrecht bleift bei 21 Joer. 2003 geet och dat passiivt Walrecht op 18 Joer erof. Et gëtt obligatoresch, bis 75 Joer wielen ze goen.