D’Missioune vun der Chamber

Wéi fonctionéiert d’Chamber ? Wéi eng Roll huet se ze spillen?

D’Haaptmissiounen

« La Chambre des Députés représente le pays. Elle exerce le pouvoir législatif. Elle contrôle l’action du Gouvernement. »

Artikel 62 vun der Verfassung

Gesetzer ze maachen, ass déi éischt Vocatioun vun der Chamber. Dofir schwätzt een och vum „legislative Pouvoir“. Och wann an de meeschte Fäll d’Regierung Gesetzer virschléit, läit d‘Decisioun fir se unzehuelen, beim Parlament.

Déi zwou aner wichteg Attributioune vum Parlament sinn d’Kontroll iwwer d’Regierung duerch verschidde Moyenen (Froen, Interpellatiounen,…) an d’Ausriichte vum politeschen Debat (op seng eegen Initiativ oder op Demande vun der Regierung).

Donieft muss d’Chamber fir verschidde Posten, déi am interne Reglement definéiert sinn, nominéieren.

D’Aktivitéite vum Parlament limitéieren sech net nëmmen op déi nationalpolitesch Froen. D’Chamber intervenéiert och ëmmer méi am Entscheedungsprozess op europäeschem Niveau.

D’Kontroll vun der Regierung

D’Chamber huet d’Recht d’Regierung op finanziellem, administrativem oder och nach politeschem Plang ze kontrolléieren.

Wéi kontrolléiert d’Chamber d’Regierung?

  • D’Chamber kënnt hirer Kontrollfunktioun awer och an der Budgetskontrollkommissioun no (Dir fannt dës Kommissioun an der Lëscht vun de Kommissiounen). D’Budgetskontrollkommissioun analyséiert d’Avisen a Spezialrapporte vum Rechnungshaff, déi déi finanziell Gestioun vum Staat oder aner Sujete betreffeb. D’Budgetskontrollkommissioun kann och Echangë mat de responsabele Regierungsmemberen iwwert d’Observatioune vum Rechnungshaff initiéieren.

  • D’Deputéiert kënnen de Regierungsmemberen Aktualitéitsfroe stellen, déi d’Politik oder de generellen Interessi concernéieren. Dës Froe kënne mëndlech wärend enger ëffentlecher Sëtzung oder schrëftlech gestallt ginn. Déi zoustänneg Ministeren äntweren op déi schrëftlech Froen an engem Delai vun engem Mount.

    Déi urgent Froen, déi als recevabel deklaréiert goufen, ginn an enger ëffentlecher Sëtzung oder schrëftlech bannent engem Delai vun enger Woch beäntwert.

  • All Deputéierten huet d’Recht, eng Interpellatioun un d’Regierung ze adresséieren. Et handelt sech dobäi ëm eng schrëftlech Demande fir eng ëffentlech Diskussioun, déi sech op Sujete limitéiere muss, déi vun ëffentlechem Interessi sinn.

  • Dëst Recht vun der Chamber gëtt gewéinlech vun enger Enquêtëkommissioun ausgeüübt. Et spillt virun allem, wann enger Regierung oder enger Administratioun Dysfonctionnementer virgeworf ginn. D’Recht fir eng Enquête erlaabt et, datt Zeie gehéiert ginn an Experte consultéiert ginn. D’Pouvoiren, déi d’Chamber oder d’Enquêtëkommissioun hunn, gradewéi hire President, sinn déi vum Untersuchungsriichter, wann eng Enquête ordonéiert gëtt.

  • An der Petitiounskommissioun ginn d’Petitiounen, déi un d’Chamber adresséiert sinn, analyséiert. Wa si et fir néideg hält, ka si se un d’Regierung weiderschécken, fir weider Explikatiounen zum Inhalt ze froen.

Juristesche Kader vun der Chamber

En Ensembel vun Texter definéiert den institutionelle Rôle vun der Chamber. Mat deenen Texter gëtt e strikte Kader fir d’Organisatioun gesat.

D’Verfassung

Den héchste legislativen Text, d‘Verfassung, encadréiert d’Organisatioun vum Staat an definéiert d’Trennung vun de Pouvoiren.

D‘Walgesetz

D’Walgesetz definéiert de Kader, an deem de Bierger fräi an demokratesch säi Vott kann ofginn.

D‘Reglement

D’Organisatioun an de Fonctionnement vun der Chamber ginn duerch en internt Reglement definéiert. Am Reglement vun der Chamber stinn Detailer iwwer d’legislativ Prozedur, an och Spezialprozeduren, zum Beispill d’Nominatiounen.

 

D’Nominatiounen

D’Chamber huet e wichtege Rôle bei der Nominatioun vu Membere vum Staatsrot, dem Justizrot an dem Rechnungshaff. Si designéiert och den Ombudsman, den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, d’Membere vum CET, dem Centre pour l’égalité de traitement, Membere vum Conseil national des finances publiques an de Commissaire vun der Société nationale de crédit et d’investissement.

Wéi eng Persoune gi vun der Chamber genannt?

  • D’Membere vum Staatsrot gi vum Grand-Duc an dëser Reiefolleg nominéiert :

    • op Propositioun vun engem Kandidat duerch d’Regierung
    • op Propositioun vun engem Kandidat vun der Chamber
    • op Propositioun vun engem Kandidat vum Staatsrot

    Wann e Kandidat designéiert gëtt:

    1. kuckt d’Chamber op d’Zesummesetzung vum Staatsrot par rapport zu de politesche Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, dat ënnert der Konditioun, datt se op d’mannst dräi Sëtz an de leschten zwou Chamberwale kruten
    2. passt d’Chamber op eng equilibréiert Representatioun vu Fraen a Männer an der Zesummesetzung vum Staatsrot op. Net manner wéi siwe Persounen duerfe vum ënnerrepresentéierte Geschlecht sinn.
  • D'Chamber designéiert zwee vun deenen dräi Perséinlechkeeten an hir Suppléaten, déi net Magistrat sinn. D'Chamber iwwerpréift och d'Honorabilitéit vun de Kandidate fir de Jstizrot, wéi et am entsprichende Gesetz virgesinn ass (loi du 23 janvier 2023 portant organisation du Conseil national de la justice).

     

  • D’Membere vum Rechnungshaff gi vum Grand-Duc op Propositioun vun der Chamber nominéiert. Eng Lëscht vun dräi Kandidate gëtt an enger ëffentlecher Sëtzung no der selwechter Prozedur gewielt wéi där fir de Staatsrot.

  • D’Chamber designéiert den Ombudsman Mediateur an enger ëffentlecher Sëtzung, mat enger Majoritéit vun den Deputéierten, déi present sinn. De Vott iwwer Procuratioun ass net erlaabt. De Grand-Duc nominéiert de Mediateur fir e Mandat vun aacht Joer, dat net kann erneiert ginn. D’Chamber kann och de Grand-Duc froen, fir dem Mandat vun engem Mediateur en Enn ze setzen, ier et ofgelaf ass. Dat geschitt an enger ëffentlecher Sëtzung

  • Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gëtt no derselwechter Prozedur genannt wéi den Ombudsman.

  • De CET besteet aus engem Rot vu 5 Memberen, dorënner e President. D’Mandat vum President a vun de Memberen dauert 5 Joer. Si gi vum Grand-Duc ernannt, op Virschlag vun der Chamber, je no hire Kompetenzen um Gebitt vun der Gläichbehandlung. D’Mandat vu fënnef Joer kann ee Mol erneiert ginn.

  • De Kommissär fir d’Konte vun der Société nationale de crédit et d’investissement (SNCI) ass fir e Mandat vun dräi Joer vun der Chamber nominéiert. Dës Nominatioun gëtt an enger ëffentlecher Sëtzung gemaach. D’Chamber huet och de Pouvoir, fir de Kommissär virum Enn vu sengem Mandat ofzesetzen.

  • D'Chamber designéiert op Propos vun der Presidentekonferenz zwee vun de siwe Membere vum Conseil national des finances publiques.