D'Chambergremien

Explicatiounen iwwer d'Roll, d'Zesummesetzung an de Fonctionement vun den verschiddene Gremien.

Bureau

De „Bureau“ representéiert d‘Chamberinstitutioun an ass och fir d’Gestioun zoustänneg.

Missiounen : Representatioun a Gestioun

De Bureau representéiert d’Chamber op nationalem an internationalem Plang. De Bureau decidéiert iwwer d’Zesummesetzung vu sengen Delegatiounen, ausser iwwer déi, déi an internationalen Assembléeë derbäi sinn. De Bureau këmmert sech ëm d’Gestiounsfroe vun der Chamber an hëlt all d’Decisiounen, déi mat der Organisatioun a mat Personalfroen ze dinn hunn. E reegelt déi finanziell an organisatoresch Froe vun den Deputéierten, dem Parlament a sengen Organer.

Zesummesetzung: net méi wéi 14 Memberen

De Bureau besteet aus engem President, dräi Vizepresidenten, net méi wéi néng Memberen an net méi wéi sechs Ersatzmemberen. De Generalsekretär ass Deel vum Bureau, mee hie kann net mat ofstëmmen. 

Nominatiounen

Wa bei der Nominatioun vum President, de Vizepresidenten an de Membere vum Bureau, d’Zuel vun de Kandidaten net iwwer der Zuel vun de Plaze leit, déi solle besat ginn, ginn d’Kandidaten als gewielt proklaméiert.

Wann dat net de Fall ass, gëtt eng Walprozedur lancéiert. Am éischten Tour ass eng absolut Majoritéit néideg. Déi ongëlteg a wäiss Walziedele ginn net gezielt.

Fir d’Membere vum Bureau ze bestëmmen, gëtt et keen zweeten Tour. Wann d’Resultater gläich ausfalen, decidéiert d’Lous wien nominéiert gëtt.

Fir de President an d’Vizepresidenten ze designéieren, gëtt en zweeten Tour organiséiert, an deem déi relativ Majoritéit spillt. Am Fall wou d‘selwecht vill Stëmmen erauskommen, gëtt och hei gezunn.

Presidentekonferenz

D’Presidentekonferenz huet eng Schlësselfunktioun an der Organisatioun vun de Parlamentsaktivitéiten.

Missiounen: Organisatioun vun der Chamberaarbecht

D’Haaptmissioun vun der Presidentekonferenz ass d’Organisatioun vun der Chamber hiren Aarbechten. D’Presidentekonferenz proposéiert den Ordre du jour vun den ëffentleche Sëtzungen a gëtt hiren Avis iwwert déi Projete vun de groussherzogleche Reglementer of, fir déi hiren Avis oder hir Zoustëmmung per Gesetz gefrot sinn.

Zesummesetzung : de President vun der Chamber an d’Presidente vun de verschiddene Gruppen

D’Presidentekonferenz besteet aus dem President vun der Chamber an de Presidente vun de verschiddene Fraktiounen. D’Presidente vun de Fraktiounen hunn esou vill Stëmmen, wéi si Memberen an der Fraktioun hunn, déi si representéieren.

Reunioun : op Convocatioun

De Chamberpresident berifft d’Presidentekonferenz an an dirigéiert d’Debatten. De President vun der Regierung ka bei dëse Reuniounen derbäi sinn, oder sech ersetze loossen. D’Presidentekonferenz ka just zesummekommen, wann d’Memberen d‘Majoritéit vun den Deputéierte representéieren. Si muss aberuff ginn, wann zwee vun hire Memberen et froen.

Consultatioun : Kommissiounspresidenten an eenzel Deputéiert

D’Presidente vun de permanente Kommissiounen an de Spezialkommissioune kënne gehéiert ginn a si kënne froen, fir an der Presidentekonferenz gehéiert ze ginn. D’Presidentekonferenz kann och d’Deputéiert, déi u keng Fraktioun oder keen technesche Grupp gebonne sinn, bei sech invitéieren, dat am Fall, wou d’Presidentekonferenz ëm hiren Avis iwwert Projete vun Arrêtéen oder Reglementer gefrot gëtt.

Fraktiounen a Sensibilitéiten

D’Deputéiert si gewéinlech Member vun enger Fraktioun. Wann dat net de Fall ass, kënne si en technesche Grupp forméieren oder sech a Form vun enger politescher Sensibilitéit zu Wuert mellen. De Bureau vun der Chamber garantéiert den adequaten Aarbechtskader.

D’Fraktiounen : op d‘mannst fënnef Memberen

D’Fraktiounen, déi op d’mannst fënnef Memberen hunn, sinn net nëmmen an de parlamentaresche Kommissioune representéiert, mee och an der Presidentekonferenz. Si hu verschidden Avantagen, zum Beispill wat d’Riedezäiten an der ëffentlecher Sëtzung ugeet. De Bureau vun der Chamber stellt hinne Raimlechkeeten an déi noutwenneg Installatiounen zur Verfügung, a rechent d’Kreditter op Basis vun hirer proportioneller Representatioun aus. De Bureau rembourséiert d’Personalkäschte bis zu engem gewëssene Montant. D’Fraktioune kënnen Deputéiert sech uschléisse loossen, déi a kenger Fraktioun sinn.

Den technesche Grupp : Regroupement ëm e Coordinateur

D’Deputéiert, déi a kenger Fraktioun sinn a sech och kenger Fraktioun ugeschloss sinn, kënnen en technesche Grupp forméieren. Si designéieren e Coordinateur, deen hire Spriecher fir all déi administrativ Froen ass, a si sinn an der Presidentekonferenz representéiert. D’technesch Gruppe kréie genee sou wéi d’Fraktioune Raimlechkeeten an Installatiounen, déi se fir hir Aarbecht brauchen zur Verfügung gestallt, grad ewéi Kreditter. Si kréien och d’Personalkäschte rembourséiert.

D’politesch Sensibilitéiten an onofhängeg Deputéiert

De Bureau vun der Chamber stellt all den Deputéierten, déi a kengem Grupp sinn, en ekipéierte Bureau an der Géigend vum Chambersgebai zur Verfügung. Wann déi concernéiert Deputéiert déi néideg Dokumenter virleeën, kënne se och d’Personalkäschte rembourséiert kréien.

Présidence

Déi verschidde Funktioune vun der Presidence gi vun engem President an dräi Vizepresidenten ausgeüübt (Artikelen 9 an 10 vum interne Reglement).

De President: Representatioun an de Respekt vum Reglement

De President representéiert d’Chamber a leet d’Debatten. Hie suergt fir Uerdnung, kuckt, datt dat internt Reglement agehale gëtt, weit d’Recevabilitéit an d’Forme vun den Texter, Motiounen an anere Propositiounen of a gëtt engem Orateur d’Wuert. De President deelt d’Entscheedunge vun der Chamber mat. Wann hie bei enger Diskussioun wëllt matmaachen, muss hie sech an der Presidence ersetze loossen.

De President kann och an all de Kommissiounen, an deenen hien net Member ass, dobäi sinn an huet dann eng consultativ Roll.

D’Vizepresidenten : kënnen den Interim vum President iwwerhuelen

Wann de President verhënnert ass, gi seng Funktioune vun engem vun de Vizepresidenten iwwerholl.

Kommissiounen

D’Aarbecht an de Kommissiounen ass eng wichteg Etapp vun der legislativer Aarbecht. De Rhythmus ass duerch d’Organisatioun vun Debatten an Auditiounen virginn.

Missiounen : Analys vun de Gesetzesprojeten a Gesetzespropositiounen

An de Kommissioune gëtt an der Haaptsaach un de Gesetzesprojeten an de Gesetzespropositioune geschafft. Hei ginn d’Amendementer an d’Motiounen, déi de Chamberpresident un d’Kommissioune weiderreecht, analyséiert. D’Kommissiounen hunn d’Recht, och selwer Propositiounen an Amendementer auszeschaffen. Aner Missioune sinn d’Preparatioun vun Debatten an och Auditiounen.

Organisatioun vun der Aarbecht: Consultatioun a Vott

D’Kommissioune fixéieren an der Reegel selwer den Ordre du jour vun hire Sëtzungen. Si analyséiere Gesetzesprojeten a Gesetzespropositiounen, Direktiven oder och nach europäesch Reglementer a schreiwen e Rapport iwwer d’Sujeten. Fir méi an d’Déift ze goen, kënnen d’Kommissiounen d’Europadeputéiert a Persounen an Organisatioune vu bausse consultéieren. Fir dass e Vott valabel ass, muss d’Majoritéit vun den Deputéierte present sinn. Fir all Reunioun gëtt e Procès-verbal geschriwwen, an dee muss am Ufank vun der nächster Reunioun ugeholl ginn.

Zesummesetzung : déi verschidde Kommissiounen

An der Chamber gëtt et reglementaresch a permanent Kommissiounen. D’parlamentaresch Kommissioune mussen op d’mannst fënnef Memberen hunn, a si däerfen der maximal 15 hunn.