D’Kontakter mat den anere Parlamenter vun der EU

  

D'COSAC

D’Konferenz vun den Organer, déi an de Communautairen an europäeschen Ugeleeënheete spezialiséiert sinn, d'COSAC (Conférence des Organes spécialisés aux Affaires communautaires et européennes) gouf am Mee 1989 vun de Parlamentspresidente vun de Memberstaate geschaf. Et ass en Organ vun der Zesummenaarbecht tëscht de Parlamentskommissiounen, déi fir d’europäesch Ugeleeënheeten zoustänneg sinn, an de Vertrieder vum Europaparlament. 

D’Zesummesetzung vun der COSAC

D’COSAC setzt sech aus Vertrieder vun de Kommissiounen oder Delegatioune vun de Parlamenter, déi sech mat den europäeschen Ugeleeënheete befaassen, zesummen. D’Membere vun der COSAC kommen:

  • aus den nationale Parlamenter vun den 28 Memberstaaten
  • aus de Parlamenter vun deene Länner, déi Kandidat fir an d’EU sinn (Tierkei, Republik Nordmazedonien)
  • aus dem Europaparlament

Der COSAC hir Roll

D’COSAC kann den europäeschen Institutiounen alles ënnerbreeden, wat se fir gutt hält. D’COSAC kann der EU hir Aktivitéiten an hir Propositioune fir e Gesetz ënnersichen.

Reunioune vun der COSAC

D’COSAC organiséiert zweemol pro Joer e Meenungsaustausch tëscht hire Memberen. D’Reunioune gi vun den Delegatiounen hire Presidente preparéiert.

D’Konferenz vun de Parlamentspresidenten aus der EU

Zënter 1975 kënnt d’Konferenz vun de Presidente vun de Parlamenter aus der EU eemol d’Joer zesummen. Zesumme mam Europaparlament tausche si sech iwwer déi verschidde Meenungen an Erfarunge vun den nationale Parlamenter gradewéi iwwer hire Fonctionement aus.

D’Lëtzebuerger Membere vum Europaparlament

D’Europaparlament ass dat eenzegt Organ vun der EU, dat an den Europawalen direkt vun de Bierger gewielt gëtt. 705 Europadeputéiert aus de 27 Memberlänner ginn all 5 Joer gewielt.

Presenz a verschiddene Reuniounen an der Chamber

D’Lëtzebuerger Europadeputéiert kënnen a verschidde Reunioune vu Chamberkommissiounen invitéiert ginn, wann et do ëm europäesch Dossiere geet (Art. 26 Abschnitt 1 an Art. 168 Abschnitt 3 vum Chamberreglement). Si kënnen och bei Echangë mat europäesche Vertrieder, wéi zum Beispill EU-Kommissären op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg, derbäi sinn.