Déi legislativ Prozedur

 

En neie Gesetzestext ka vun der Regierung oder vun engem oder méi Deputéierte proposéiert ginn. Am éischte Fall schwätzt ee vun engem „Gesetzesprojet“, am zweete Fall vun enger „Gesetzespropositioun“. Déi zwou Prozedure sinn am Reglement vun der Chamber an den Artikele 55 bis 78 detailléiert beschriwwen.

De Gesetzesprojet oder d’Gesetzespropositioun: den Ausléiser vun der legislativer Prozedur

De Gesetzesprojet gëtt vun engem Member vun der Regierung am Numm vum Grand-Duc eragereecht.

D’Gesetzespropositioun gëtt vun engem oder méi Deputéierte formuléiert.Si gëtt duerno un déi verschidden Acteure geschéckt (Regierung, Staatsrot, Beruffskummeren).

De Renvoi an eng Kommissioun: eng onëmgänglech Etapp

D’Prozedur fir de Renvoi an eng Kommissioun ass déi selwecht fir e Gesetzesprojet wéi fir eng Gesetzespropositioun. Konkreet heescht dat, datt d’Presidentekonferenz de Gesetzesprojet oder d’Gesetzespropositioun enger oder méi parlamentaresche Kommissiounen uvertraut. D’Kommissioun designéiert e Rapporter an analyséiert den Text, dee proposéiert ginn ass. Si kann och Amendemente maachen.

Aner Kommissioune kënnen och een Avis iwwert de proposéierte Gesetzestext ofginn.

Wann d’Kommissioun hir Aarbechten op en Enn bruecht an e geschriwwene Rapport ugeholl huet, gëtt de Gesetzesprojet oder d’Gesetzespropositioun an enger ëffentlecher Sëtzung presentéiert an diskutéiert.

D'Diskussiounen an der ëffentlecher Sëtzung : Presentatioun a lescht Amendementer

D’Presidentekonferenz decidéiert, ob e Gesetzesprojet oder eng Gesetzespropositioun op den Ordre du jour vun enger ëffentlecher Sëtzung gesat gëtt. De Rapporter presentéiert d’Aarbechten, déi an der Kommissioun gemaach goufen, an d’Conclusiounen, déi gezu goufen. E presentéiert och d’Avise vum Staatsrot a vun de Beruffskummeren. Den Text gëtt duerno vun den Deputéierten diskutéiert a ka nach an der ëffentlecher Sëtzung amendéiert ginn, wann op d’mannst fënnef Deputéiert dëst froen. Virum Vott kann de Ressortminister um Riednerpult intervenéieren. D’Modalitéite vun der ëffentlecher Sëtzung sinn an den Artikelen 29 an 43 vum Chamberreglement detailléiert.

De Vott: eng Prozedur an zwee Deeler huet

De Vott iwwer de ganze Gesetzestext ass just méiglech, wann en Avis vum Staatsrot virläit. Op d’mannst dräi Méint nom éischte Vott muss eng zweete Kéier ofgestëmmt ginn, mee d’Chamber freet oft eng Dispens vum zweete Vott. De Staatsrot muss domadder d’accord sinn. Wéi gestëmmt gëtt, ass an den Artikelen 44 an 48 am Chamberreglement gereegelt.

D'Promulgatioun : d’Interventioun vum Grand-Duc

Fir datt e Gesetz zu Lëtzebuerg kann applizéiert ginn, muss et virdrunner vum Grand-Duc promulgéiert ginn. De Grand-Duc promulgéiert ee Gesetz andeems hien et ënnerschreift. Den Text muss dann nach vum zoustännege Minister oder den zoustännege Ministeren ënnerschriwwe ginn.

Akraafttriede vum Gesetz : déi final Etapp

Véier Deeg, nodeem d’Gesetz am Journal officiel vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg verëffentlecht gouf, kann d’Gesetz a Kraaft trieden an et gëtt obligatoresch. Et kann awer och en aneren Datum fir d’Akraafttriede virgesi ginn.