Stresstest vun den demokrateschen Institutiounen
D’Chamber stellt déi demokratesch Institutioune vu Lëtzebuerg op de Préifstand
La Cellule scientifique mène une étude prospective d’envergure visant à soumettre les institutions démocratiques luxembourgeoises à un « stress test » - un test de résilience ou de résistance – face à d’éventuelles dérives autoritaires.
D’Iddi, déi ursprénglech vu jonke Vertrieder vu politesche Parteie virgeschloe gouf, spigelt déi ëmmer méi grouss Suerg ëm d’Belaaschtbarkeet vun der Demokratie erëm:
„DʼChamber huet dëse Virschlag eescht geholl an hir Cellule scientifique mat der Ëmsetzung vun dësem ambitiéise Projet beoptraagt.“
Dëse Stresstest verfollegt e puer Ziler:
- ënnersichen, duerch wéi eng Mechanismen eng autoritär Muecht de politeschen an institutionelle System zu Lëtzebuerg no an no a Richtung vun engem illiberale Regimm verschibe kéint;
- institutionell Schwaachstellen identifizéieren an d’Belaaschtbarkeet vun de Sécherheetsvirkéierungen zum Schutz vun den demokrateschen Institutioune bewäerten;
- Virschléi oder Leitlinnen zur Stäerkung vum institutionelle Kader formuléieren, fir déi identifizéiert Schwaachstellen ze behiewen.
DʼResultater vun der Studie ginn am Laf vum Joer 2026 schrëttweis verëffentlecht.
De President vun der Chamber iwwert de Stresstest-Projet:
-
Methodik vum Stresstest
E Stresstest gëtt besonnesch am Beräich vun de Finanzen a vum Schutz vu kriteschen ëffentlechen Infrastrukturen agesat a besteet doran, e System oder eng Organisatioun extreemen oder ongewéinleche Bedéngungen auszesetzen, fir hire Virbereedungsstand ze evaluéieren. An der Bankenopsiicht geet et zum Beispill dorëm, ze evaluéieren, awéiwäit Banken op finanziell an ekonomesch Krise virbereet sinn.
Ugewannt op déi demokratesch Institutioune bedeit dat, déi lëtzebuergesch Institutioune mat der Hypothees ze konfrontéieren, dass eng autoritär Partei un d’Muecht kënnt, déi zur Muechtkonzentratioun an zur Mise en place vun enger zouener Gesellschaft tendéiert, an där d’Prinzippie vun der Fräiheet, der Rationalitéit an der Universalitéit no an no marginaliséiert ginn.
D’Zil vun dësem Belaaschtungstest ass et, Schwaachstellen opzedecken a se gegeebenefalls ze behiewen, fir ze verhënneren, dass déi demokratesch Uerdnung zu Lëtzebuerg zu engem illiberale Regimm gëtt.
Aarbechtshypotheesen
D’Studie baséiert op dräi Aarbechtshypotheesen, déi jeeweils dorop axéieren, dass no Parlamentswalen eng Partei mat illiberalen Tendenzen un d’Muecht kënnt. Dës Hypotheesen erméiglechen et, Froen zum Handlungsspillraum vun enger Regierung mat illiberalen Tendenzen an dräi verschiddenen Zenarien opzewerfen:
• No de Parlamentswalen huet eng Partei mat illiberalen Tendenzen zwar déi absolut Majoritéit an der Chamber, verfeelt awer d’Zweedrëttelmajoritéit, déi néideg ass fir eng Verfassungsännerung. Si gëtt mat der Regierungsbildung beoptraagt a genéisst eng parlamentaresch Ënnerstëtzung, déi där absolutter Majoritéit entsprécht, déi si duerch d’Walen erreecht huet.
• No de Parlamentswalen huet eng Partei mat illiberalen Tendenzen eng relativ Majoritéit an der Chamber. Versich, eng Majoritéitskoalitioun ouni dës Partei ze bilden, scheiteren. Dofir gëtt déi genannt Partei beoptraagt, aleng eng Regierung ze bilden. Well si déi absolut Majoritéit net huet, ass si jee no Fall fir d’Adoptioun vun engem Gesetzestext op d’Ënnerstëtzung vun anere Parteien ugewisen.
• No de Parlamentswalen huet eng Partei mat illiberalen Tendenzen eng relativ Majoritéit an der Chamber. Versich, eng Majoritéitskoalitioun ouni dës Partei ze bilden, scheiteren. Doropshi schléisst déi genannt Partei e Koalitiounsaccord mat enger anerer Partei oder méi anere Parteien, wat d’Bildung vun enger Regierung mat absolutter Majoritéit erlaabt. D’Ministerressorte ginn ënnert de Koalitiounspartner verdeelt. D’Stabilitéit vum exekutive Pouvoir hänkt vun der Kohäsioun vun der Chambermajoritéit of. D’Regierung als Ganzt huet zwar keng illiberal Tendenzen, mee verschidde Ministerposte si mat Membere vun der Partei mat illiberalen Tendenze besat, wat hinnen e gewëssene Spillraum gëtt (méi oder manner grouss, jee no Zouuerdnung vun de Ministerressorten zu dëser Partei).
D’Hypothees, bei där eng Partei mat illiberalen Tendenzen déi fir eng Verfassungsännerung erfuerderlech Zweedrëttelmajoritéit kritt, gëtt ausdrécklech aus dem Ëmfang vum Projet Stresstest ausgeschloss. Dësen Ausschloss huet d’Zil, d’Analys op déi Hypotheesen ze beschränken, déi sech innerhalb vum bestoende Verfassungskader ofspillen a bei deenen d’Partei mat illiberalen Tendenze keng Méiglechkeet huet, d’Verfassung ze änneren.
-
Déi weltwäit Erosioun vun den demokratesche Wäerter
Innerhalb vun der Europäescher Unioun, an där d’Demokratie an d’Rechtsstaatlechkeet heefeg als Acquisen duergestallt ginn, erliewe verschidde Memberstaaten eng progressiv Aushielegung vun dëse Prinzippien. Polen an Ungarn ginn heefeg als Beispiller genannt, mee weltwäit léisst sech och an anere Rechtssystemer beobachten, dass demokratesch a rechtsstaatlech Standarden a Fro gestallt ginn.
Demokratieréckschrëtter geschéie meeschtens stufeweis, soudass et kee wierkleche Kipppunkt gëtt, mee villméi e kontinuéierleche Réckgang vun de Grondwäerter, besonnesch duerch dʼSchwächung vun der Onofhängegkeet vun der Justiz, dʼIwwernam vun de Meedien oder d’Entkräftung vun der Zivilgesellschaft a vu kritesche Stëmmen.
Virun enger institutioneller Kris handelen
Wéi de Chamberpresident seet, ziilt dëse Projet dorop of, Froen ze beäntweren „zu engem Zäitpunkt, wou d’Ugeleeënheet nach net dréngend ass“, soulaang déi Lëtzebuerger demokratesch Institutiounen net virun enger onmëttelbarer Kris stinn.
E Stresstest erméiglecht eng preventiv Beurteelung vun hirer Robustheet, fir méiglech Schwaachstellen ze identifizéieren, ier si op d’Prouf gestallt ginn.
D’Zil ass also, Iwwerleeungen iwwert déi méiglech Entwécklunge vum institutionelle Kader unzereegen a gegeebenefalls virum Enn vun der Legislaturperiod Upassungen a Betruecht ze zéien.
-
De Projet baséiert op dem Verfaasse vun thematesche wëssenschaftleche Fuerschungsaarbechten a vun engem zesummefaassende Schlussrapport mat dem Titel „La résilience des institutions démocratiques face au glissement autoritaire“ (D’Resilienz vun den demokrateschen Institutiounen am Hibléck op autoritär Entwécklungen).
Déi thematesch Fuerschungsaarbechte sinn nom follgende Fuerschungsplang strukturéiert:
1. DʼBelaaschtbarkeet vun de Mechanismen zum Schutz vun den am Vëlkerrecht verankerte Grondrechter
- De Schutz vun de Grondrechter duerch dʼVëlkerrecht: d’Schutzmechanismen zu Lëtzebuerg
- De Schutz vun de Grondrechter duerch dʼVëlkerrecht: d’Roll vum Europäesche Geriichtshaff beim Schutz vun der Rechtsstaatlechkeet
- De Schutz vun de Grondrechter duerch dʼVëlkerrecht: dʼRoll vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter
2. DʼBelaaschtbarkeet vun deem vun der Verfassung garantéierte Gläichgewiicht vun den institutionelle Pouvoiren
2.1. Separatioun a Gläichgewiicht vun de Pouvoiren am Fall vun enger autoritärer Entwécklung
2.2. De legislative Pouvoir
- DʼGesetzgeebung als Instrument vun autoritären Entwécklungen
- De gesetzleche Kader fir d’Wal vun den Deputéierten
- Déi politesch Oppositioun
2.3. Den exekutive Pouvoir
- De Rechtskader fir d’Ernennung, dʼRevokatioun an dʼDisziplinarmoossnamen am ëffentlechen Déngscht
- DʼTutelle vun der Regierung iwwert d’Gemengen
- DʼKrisenuerdnung
2.4. De judiciairë Pouvoir
- DʼOnofhängegkeet vun der Justiz géintiwwer autoritären Entwécklungen: Onofhängegkeet vun der Riichterschaft
- DʼOnofhängegkeet vun der Justiz géintiwwer autoritären Entwécklungen: Onofhängegkeet vum Parquet vis-à-vis vun der politescher Muecht bei der Poursuite vu Strofdoten
- Den Zougang zur Justiz
- Déi verfassungsrechtlech Iwwerpréiwung vu Gesetzer
3. Belaaschtbarkeet vun de gesellschaftleche Contre-pouvoiren
- DʼContre-pouvoire bei der Verteidegung vum demokrateschen Debat (Press a Meedien, Wëssenschaften a Fuerschungsariichtungen, Konscht a Kulturinstitutiounen)
- DʼContre-pouvoire bei der Verteidegung vun de Mënscherechter (Zivilgesellschaft – Associatiounen, Gewerkschaften, de Barreau, Organer zur Verteidegung vun de Grondrechter)
-
DʼCellule scientifique vun der Chamber gouf vun der Presidentekonferenz mat der Koordinatioun vun dëser wëssenschaftlecher Studie beoptraagt, déi vun de Wäerter Transparenz, Onofhängegkeet, Integritéit a wëssenschaftlech Genauegkeet gedroe gëtt.
Niewent de Fuerscher vun der Cellule scientifique sinn un der Duerchféierung vum Stresstest och Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg a Juristen am Lëtzebuerger Droit, mee och auslännesch Fuerscher bedeelegt, déi op ëffentlecht Recht spezialiséiert sinn.
Dës akadeemesch Villfalt stäerkt d’Stéchhaltegkeet vun der Analys, déi gläichzäiteg fest am Lëtzebuerger institutionelle Kontext verankert bleift.
-
Déi thematesch Fuerschungsaarbechte wäerten am Laf vum Joer 2026 no an no verëffentlecht an duerch e Schlussbericht ergänzt ginn, an deem déi wichtegst Resultater an Erkenntnisser aus den Aarbechte virgestallt wäerte ginn.
En Event, deen Deputéiert, institutionell Acteuren, Akadeemiker, mee och déi breet Ëffentlechkeet zesummebréngt, wäert Ufank 2027 organiséiert gi mam Zil, d’Resultater vum Stresstest virzestellen a méi allgemeng den demokrateschen Debat iwwert de Schutz vun den demokrateschen Institutiounen unzereegen.