Open Data
D’Chamber mécht hir Datebanken op, fir dass se kënne fräi genotzt ginn. Et geet drëm, fir nach méi Transparenz ze suergen, fir jidderengem en Zougang zu der Chamber hiren Aarbechten ze ginn a fir eng kollaborativ Approche ze encouragéieren.
700.000 Donnéeën, déi fräi kënne genotzt ginn
Vun der parlamentarescher Rentrée 2022 u setzt d’Chamber nach méi op d’Kaart vun der Transparenz: D’Parlament erlaabt den Zougang zu engem gudden Deel vu sengen Donnéeën, fir dass se fräi kënne genotzt ginn.
Iwwer 700.000 Donnéeë vun der Chamber wäerten op der Plattform OpenData („oppen Donnéeën“) vun der Regierung accessibel sinn. Op déi Manéier solle se kënne fräi genotzt ginn, an dat och an enger kollaborativer Approche.
Entwéckler, Chercheuren, Journalisten oder all aner Intresséiert kënnen op déi Manéier hir eegen Uwendungen oder Statistiken op der Basis vun deenen Donnéeë produzéieren.
An enger éischter Phas gëtt d’Chamber den Zougang zu Donnéeë vun dëse Kategorien:
- dem Transparenzregëster (zënter dass e 2022 ageféiert gouf)
- der Lëscht vun de Petitiounen (zënter 2014)
- der Zesummesetzung vun de Kommissiounen, den internationalen Delegatiounen an den Decisiounsorganer (Presidentekonferenz a Bureau) (zënter 2009)
- den Deputéierten, déi den Ament a Fonctioun sinn
- de fréieren Deputéierten (zënter 1998)
- De dresenzen an der Plenière (zënter 2018).
An enger zweeter Phas Enn vum Joer 2022 gin dës Donnéeën accesssibel:
- d’Lëscht vun den Interventioune vun den Deputéierten
- d’Votten
- d’Lëscht vun de Reunioune vun de Chamberkommissiounen (zënter 2018)
- d’Lëscht vun de Motiounen
- d’Lëscht vun de Gesetzesprojeten a Gesetzespropositiounen
- d’Lëscht vun den EU-Direktiven an der nationaler Ëmsetzung.
Mat der Politik „Open Data“ sollen d’Donnéeën esou wäit zréck wéi méiglech zur Verfügung gestallt ginn. D’Donnéeë ginn all Mount aktualiséiert.
Wéi kann een d’Donnéeën notzen?
-
Les données de la Chambre sont publiées avec une licence creative commons. La mention de l’origine des données est requise.
-
Les données sont mises à disposition dans différents formats :
-
HTML
-
XLSX (Excel)
-
CSV (Comma Separated Values)
-
-
Vous avez des remarques ou des suggestions par rapport à la politique des données ouvertes de la Chambre ? N’hésitez pas à nous les partager.
Contactez le service des relations publiques (relations.publiques@chd.lu).
De legale Kader
-
La Chambre des Députés adopte les principes de la stratégie « Open Data » luxembourgeoise, lancée en 2018. Elle s’appuie sur des textes et des pratiques qui existent depuis bientôt 20 ans.
Dans l’Union européenne, le cadre législatif du mouvement Open Data a été créé avec la Directive 2003/98/CE et la Directive 2013/37/UE concernant la réutilisation des informations du secteur public. Au Luxembourg, ces directives ont été transposées par la loi modifiée du 4 décembre 2007 sur la réutilisation des informations du secteur public.
Depuis 2021, un nouveau cadre légal est en place au Luxembourg, instauré par la loi du 29 novembre 2021 sur les données ouvertes et la réutilisation des informations du secteur public
Cette loi transpose la directive européenne (UE) 2019/1024 du Parlement européen et du Conseil du 20 juin 2019. L’accès aux documents publics est couvert plus particulièrement par la loi du 14 septembre 2018 relative à une administration transparente et ouverte