D'Membere vun der Verwaltung

 
D'Chamberverwaltung am Déngscht vun den Deputéierten

Fir datt d'Deputéiert hir Missioune kënnen ausüben

D'Chamberverwaltung steet am Déngscht vum Lëtzebuerger Parlament, den Deputéierten an der Demokratie. Si ass domadder chargéiert d'Deputéiert, - d'Representante vum Vollek - an hire Missiounen z'ënnerstëtzen an dat op eng neutral Manéier. D'Chamberverwaltung ënnerstëtzt d'Aarbecht vun der Institutioun, fir datt si hir demokratesch Legitimitéit ausféiere kann. 

D'Verwaltungsmataarbechter hu ganz divers Aufgaben: d'Kommissiounssëtzungen organiséieren, d'parlamentaresch Diplomatie tëscht den Deputéierten an den internationalen Acteure begleeden, de Fonctionement vun der Chamber assuréieren oder och nach Informatiounen un de Public an d'Presse ze kommunizéieren. Déi 60 Deputéiert kënnen an hirem Alldag op de Support vu ronn 165 Fonctionnairen a Salariéen zielen. 

D'Chamber ass eng divers an dynamesch Organisatioun, déi permanent no de beschte Moyene sicht, fir hirer Funktioun gerecht ze ginn. E puer Beispiller sinn: d'Reorganisatioun vum Service des Technologies de l'information oder och nach d'Kreatioun vum wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber. Déi Instanzen ënnerstëtzen d'Deputéiert an hirer legislativer Aarbecht a ginn Avisen op ënnerschiddleche Sujeten an de Beräicher Recht, Naturwëssenschaften a Wirtschaft. 

Fir op d'Besoinen anzegoen, ass d'Chamber permanent am gaangen mat neie Kollaborateuren ze schaffen. 

Eng dynamesch Organisatioun

D'Chamberverwaltung ass eng dynamesch Organisatioun, déi sech ëmmer erëm nei Moyene gëtt, fir am beschten op d'Defien ze äntweren. Dowéinst gouf an der Lescht den Service des Technologies de l'information reorganiséiert, de Service légistique an d'Cellule scientifique goufe geschaaf.

D'Gesiichter vun der Chamberverwaltung

D'Verwaltungsmataarbechter presentéieren hir Missiounen.

Meng Aarbecht an der Chamber ass...

« … dofir ze suergen, datt déi ëffentlech Sëtzungen esou gutt wéi méiglech verlafen, och wann nom Schelle vun der Klack dat meescht net méi an eiser Hand läit. »

- Maria Mathieu, Service séances plénières

« …d'Uspriechpartnerin ze sinn, fir mam éischte Bierger vum Land a Kontakt ze kommen. »

- Sylvie Sorbelli-Mehlinger, Cabinet du Président

« …mech ëm international Visitten ze këmmen an d'Deputéiert z'ënnerstëtzen, wann se d'Chamber am Ausland vertrieden. »

- Yves Carl, Service Relations internationales

     
Méi Temoignagen

    
D’Membere vun der parlamentarescher Verwaltung iwwer hire Beruff

Méi uweisen

En historesche Kader

De Sëtz vum Lëtzebuerger Parlament ass den Hôtel de la Chambre, wou déi ëffentlech Sëtzunge gehale ginn. Wärend deene Sëtzungen gi Gesetzer debattéiert a gestëmmt.  

D'Chamberverwaltung zielt ëm déi 140 Mataarbechter. Nieft dem Hôtel de la Chambre sinn d'Chamberzerwisser op zwee weider Gebaier um Krautmaart opgedeelt: dem "Wiltheim" an dem "Printz Richard". 

An der Chamber schaffen