Junior

Eng ganz Rei Evenementer riichte sech u Kanner a Jugendlecher.

Pedagogesch Atelieren

An der Chamber lafen och d’pedagogesch Atelieren #MengChamber, déi vum Zentrum fir politesch Bildung encadréiert ginn. En interaktiivt Spill simuléiert, wéi eng Stad geplang gëtt, an erlaabt et, d’Decisiounsprozesser mat de komplexe politeschen Enjeue besser ze verstoen. Et ass an engems d’Geleeënheet, d’Deputéiert ze treffen, sech am politesche Quartier vun der Stad erëmzefannen an d’Chamber ze visitéieren.

Visitten

D’ganzt Joer iwwer gi vill Schoulklassen an der Chamber fir eng Visitt empfaangen. Esou Visitte mat engem Minimum vun 10 Leit riichte sech och un Erwuessener.

Den Zuch vun der Demokratie

Fir den internationalen Dag vun de Kannerrechter kënnt den Zuch vun der Demokratie all Joer an d’Chamber.

Ronn 100 Kanner kommen aus de verschiddenen Ecke vum Land mam Zuch an d’Stad an d’Chamber. Si stellen den Deputéierten hir Iddie vir a kënne sech mat hinnen ënnerhalen, esouwuel an den Ateliere, wéi an der Schlussreunioun um Enn vum Dag an der Plenière.

Politik? Fir jiddereen! - Videoe mat Erklärungen

D’Chamber an den Zentrum fir politesch Bildung hunn eng Collaboratioun am Beräich vun der politescher Bildung. Edukativ Videoe goufen zesumme mam Departement Script vum Educatiounsministère ausgeschafft. Si erklären de Fonctionement vun der Chamber, d’Walen, d’Gesetzer, d’Biergerbedeelegung, d’Demokratie, d'Constitutioun an d’Europäesch Unioun.

  
Eng Visite guidée reservéieren

 

Méi uweisen

D’Jugendparlament

D’Reunioune vum Jugendparlament an der Plenière vun der Chamber sinn d’Geleeënheet fir en Echange mat den Deputéierten.

Hei ënnendrënner de Video vum Jugenparlament vum 4.7.2022

De Jugendkonvent

De Jugendkonvent kënnt reegelméisseg an der Chamber zesummen.

An der Chamber lafen Atelieren zu de verschiddenen Themen. D’Conclusiounen dovunner ginn den Deputéierten um Enn vum Dag presentéiert, wat dann och erëm d’Geleeënheet fir e Meenungsaustausch ass.