A

Amendement

En Amendement ass eng Propositioun vun der Regierung oder vun engem Deputéierten, fir e Changement an engem Gesetzprojet oder an enger Gesetzespropositioun. E kann an der parlamentarescher Kommissioun oder an enger ëffentlecher Sitzung proposéiert ginn.

C

Chamberbureau

De Bureau dee vun der Chamber gewielt gëtt, huet e President, 3 Vizepresidenten a 7 weider Memberen. De Generalsekretär ass Deel vum Bureau,  däerf awer net mat ofstëmmen. De Bureau vertrëtt d’Chamber um nationalen an internationale Plang. E reegelt déi finanziell an organisatoresch Froen vun den Deputéierten, dem Parlament a sengen Organer. Donieft, këmmert e sech ëm d’Gestioun vun de Chamberugeleeënheeten an hëlt Decisiounen a Punkto Organisatioun an Disziplin vum Personal.

Chamberkommissiounen

Fir d‘Aarbechten an der ëffentlecher Sitzung méi einfach an efficace ze man a fir se ze preparéieren, ginn et permanent, a wann néideg, Spezialkommissiounen. D’Kommissiounen examinéieren d’Gesetzprojeten an d’Gesetzespropositiounen, an och d’Amendementer an d’Motiounen déi de President hinnen zoukomme léisst. Hir Missioun ass och fir d’Debatten ze preparéieren an Auditiounen a Visitten z’organiséieren.

Chamberreglement

D’Chamberregement ass vun der Chamber adoptéiert a gëtt am Journal officiel publizéiert. D’Reglement bestëmmt d’Organisatioun an de Funktionnement vun der Chamber an definéiert d’Prozeduren.

Chamberverwaltung

D’Chamberverwaltung, dat sinn e Generalsekretär, Adjointë vum Generalsekretär, Fonctionnairen an Employéen. De Generalsekretär gëtt vun der Chamber gewielt. Déi zwee Adjointë gi vum Bureau nominéiert. D’Attributioune vum Generalsekretär an den Adjointëngi vum Bureau festgeluecht

Compte rendu

De Compte rendu ass eng Publikatioun vun der Chamber an där een integral all d’Interventiounen fënnt, déi an der ëffentlecher Sitzung gemaach goufen. Am Compte rendu ass och de Resumé vun de Gesetzestexter déi ugeholl goufen, grad ewéi d’Froen  un d’Regierung mat den Äntwerten an eng Iwwersiicht iwwer d’Chamberaktivitéiten. De Compte rendu gëtt an de 4 gréissten Dageszeitunge verëffentlecht a gratis un d’Stéit verdeelt.

D

Depot

Wann d’Chamber offiziell mat engem Gesetzprojet oder enger Gesetzespropositioun befaasst gëtt, nennt een dësen Akt een „Depot“.

Deputéierten

Den Deputéierten ass e Parlamentarier, also e Member vun der Chamber. D’Deputéiert representéiere mam Grand-Duc d’Natioun. Et handelt sech ëm de legislative Pouvoir. D’Constitutioun gesäit vir, datt d’Chamber d’Land representéiert. D’Deputéiert stëmme fräi of an duerfe just den Interessi vum Grand-Duché am An hunn. D’Zuel vun den Deputéierten ass duerch d’Verfassung op 60 limitéiert.

E

Ëffentlech Petitioun

Déi ëffentlech Petitioune ginn entweder direkt online iwwer den Internetsite vun der Chamber agereecht  oder iwwer e Spezialformulaire vun der Chamber deen ee kann online eroflueden. Si mussen am generellen a nationalen Interessi sinn an d’ethesch Prinzippie respektéieren. Eng Petitioun kann net zweemol, mam selwechtem Sujet, an enger Sessioun, vum selwechte Petitionär  agereecht ginn.Fir eng ëffentlech Petitioun eranzereechen an z’ënnerschreiwen, muss eng Persoun op d’mannst 15 Joer al sinn an am nationale Register vun de physesche Persounen ageschriwwe sinn.
Si muss also eng Matricule hunn. D’Petitiounskommissioun an d’Presidentekonferenz analyséieren d’Petitioun an decidéieren ob se recevabel ass oder net. Am Fall, wou se als irrecevabel ugesi gëtt, traitéiert d’Petitiounskommissioun se wéi eng einfach Petitioun. Wann eng elektronesch Petitioun de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht huet, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat mat der Petitiounskommissioun an der Kommissioun, déi sech ëm de Sujet këmmert.

Einfach Petitioun

Eng Petitioun ass eng Demande vun engem Eenzelen oder engem Grupp vu Persounen déi un d’Chamber gestallt gëtt, fir datt d’Uleies vun de Petitionäre gehéiert gëtt, a jee no deem eng Decisioun geholl gëtt. D’Petitioune ginn un de Chamberpresident geriicht. Dee schéckt se an d’Petitiounskommissioun vun der Chamber oder un d’Kommissiounen, déi un engem Gesetzprojet oder enger Gesetzpropositioun schaffen, déi de Sujet vun der Petitioun traitéieent.
De President kann och eng Petitioun un de Chamberbureau weiderginn. D’Petitiounskommissioun decidéiert ob si d’Petitiounen un e Minister, aner parlamentaresch Kommissiounen oder de Chamberbureau weiderschéckt. Si kann d’Petitiounen och einfach klasséieren.

F

Fraktioun

Eng Fraktioun ass eng Formatioun vun der Chamber, déi d’Membere regroupéiert, déi déi selwecht politesch Affinitéiten hunn. Fir als Fraktioun unerkannt ze ginn, muss se op d’mannst 5 Memberen hunn. All Fraktioun designéiert e President, dee si an der Presidentekonferenz vertrëtt. All Fraktioun kritt Raimlechkeeten a finanziell Moyenen zur Verfügung gestallt, déi proportionell zu hirer Representatioun an der Chamber sinn.

Froen

Am Kader vun hirer Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Regierung, huet d’Chamber d’Recht Froen un d’Regierungsmemberen ze stellen. En Deputéierte ka vum Minister Informatioune froen zu Ugeleeënheete vun der Verwaltung oder awer och der Regierung. D’Chamberreglement gesäit verschidden Zorte vu Froe vir: schrëftlech Froen, ürgent Froen, Froe mat Debatt a Froen, déi an enger Froestonn oder Aktualitéitsstonn gestallt ginn.

G

Gesetz

D‘Gesetz gëtt vum legislative Pouvoir adoptéiert an imposéiert sech alle Bierger nodeems de Grand-Duc den Texte promulgéiert huet an en am Journal officiel publizéiert gouf.

Gesetzespropositioun

Eng Gesetzespropositioun geet op Initiative vun engem Deputéierten zeréck. Wéi och fir d’Gesetzprojeten, muss den Auteur vun enger Gesetzespropositioun d‘Ziiler erklären an d’Artikele kommentéieren.

Gesetzprojet

D'Regierung huet - am Numm vum Grand-Duc - en Initiativrecht wat déi legislativ Matière ugeet, grad wéi och all Member vun der Chamber.

D‘Initiativ vum Grand-Duc gëtt och nach Regierungsinitiative genannt : et nennt ee se  Gesetzprojet. Et ass eng Propos fir en Text, dee vun der Chamber z’adoptéiere wär. Bei de Gesetzprojeten fënnt een en Exposé des motifs,  an deem  d’Ziiler an d’Entwécklunge vum Gesetz erklärt ginn, grad ewéi e Commentaire zu den Artikelen. D'Initiativ vun engem Deputéierten heescht „Gesetzespropositioun".

H

Huis clos

D’Sitzungen an der Chamber sinn ëffentlech, ausser wann d’Majoritéit vum Parlament dat anescht entscheet. An deem Fall kënnt d’Chamber am huis clos zesummen an d’Sitzung ass geheim.

I

Interpellatioun

Eng Interpellatioun ass eng Demande fir en ëffentlechen Debat vun engem Deputéierten un e Minister oder un déi ganz Regierung. Déi kënnen da Stellung huelen zu enger administrativer Mesure oder der genereller politescher Linn vun der Regierung.

L

Legislative Pouvoir

De « Pouvoir legislativ » mécht Gesetzer. Dee Pouvoir huet d’Chamber.

Legislatur

D’Legislatur ass eng Period fir déi d’Deputéiert gewielt ginn. Si dauert an der Reegel 5 Joer, ausser wann d’Wale virgezu ginn.

M

Motioun

Eng Motioun ass en Text, dee vun der Chamber adoptéiert gouf baussent der Prozedur, déi fir ee Gesetz virgesinn ass. Eng Motioun invitéiert d’Regierung fir verschidden Initiativen ze huelen oder eng bestëmmte Positioun anzehuelen.

P

Parlamentaresch Dokumenter

D’Gesetzprojeten a Gesetzespropositiounen esou wéi och d’Avisen an d’Rapporte ginn als parlamentaresch Dokumenter publizéiert.

Parlamentaresch Enquête

Den Artikel 64 vun der Constitutioun gesäit vir, datt d’Chamber d’Recht huet eng Enquête opzemaachen. Do ka si dann Zeien an Experten héieren, fir all Informatiounen vun ëffentlechem Intressi ze sammelen. Fir vun deem Recht Gebrauch ze man, gëtt eng Enquêtekommissioun opgesat.
D’Recht fir z’enquêtéieren ass iwwer d’Gesetz vum 27te Februar 2011 gereegelt. Dëst Gesetz huet d’Gesetz vum 18ten Abrëll 1911 ofgeléist. D’Pouvoiren, déi d‘Chamber oder d‘Enquêtëkommissioun hunn, grad ewéi hire Presidentsinn déi vum Untersuchungsriichter wann eng Enquête ordonéiert gëtt.  

Politesch Sensibilitéit

En Deputéierten deen a kenger Fraktioun an a kengem technesche Grupp ass, bild eng politesch Sensibilitéit.

Presidentekonferenz

D’Haaptmissioun vun der Presidentekonferenz ass et der Chamber hier Aarbechten z’organiséieren. Se proposéiert den Ordre du jour vun den ëffentleche Sitzungen a gëtt hiren Avis iwwer déi Projete vu groussherzogleche Reglementer wou dat per Gesetz gefrot ass.

Q

Quorum

De Quorum ass de Minimum vu Memberen déi present musse sinn, fir datt d’Chamber kann ofstëmmen.

R

Rapporter

De Rapporter ass e Member vun enger Chamberkommissioun, deen an enger ëffentlecher Sitzung de Rapport vun der Kommissioun iwwer een Text presentéiert.

Renvoi

De Renvoi ass wann d’Presidentekonferenz eng Kommissioun mat engem Gesetzprojet oder aneren Dokument saiséiert.

Resolutioun

D’Resolutioun ass en Texte, deen d’Chamber opsetzt a selwer adoptéiert. Domadder wëll si eng Decisioun huelen oder sech positionnéieren. All Deputéierten huet d’Recht fir e Projet vun enger Resolutioun eranzereechen. Wéi d’Motiounen, ginn d’Resolutioune mat enger Majoritéit vun der Chamber adoptéiert.

S

Staatsbudget

De Staatsbudget ass e Gesetz mat deem d’Recetten an d’Depense vum Staat vun engem Joer festgehale ginn. Dat nennt een och ee Budgetsexercice. De Budget presentéiert sech ënnert der Form vun engem Tableau évaluatif vun de Recetten an Depensen.

T

Technesche Groupp

D’Deputéiert, déi a kenger Fraktioun sinn an och net enger Fraktioun ugeschloss sinn, kënnen en technesche Grupp forméieren. Dee muss op d’mannst 5 Memberen hunn. Si designéieren e Coordinateur, deen hire Spriecher fir all déi administrativ Froen ass, a si sinn an der Presidentekonferenz representéiert.

V

Vott vun engem Gesetz

D’Chamber stëmmt iwwer Gesetzprojeten a Gesetzespropositiounen of. Deeler vun engem Gesetzprojet oder enger Gesetzespropositioun kënnen eenzel ofgestëmmt ginn, wann op d’mannst 5 Deputéiert dat froen. Wa Changementer gemaach ginn, stëmmt Chamber an engem zweete Vott iwwer déi Amendementer of, nodeems de Staatsrot säin Avis heiriwwer ginn huet. Dëse Vott ass am Chamberreglement virgesinn.

An enger weiderer Etapp, gëtt iwwer de ganze Projet ofgestëmmt. Dräi Méint nom Vott iwwer de ganze Projet, kann et zum zweete constitutionnelle Vott kommen. Dee kann awer ausfalen, wann de Staatsrot déi Dispens accordéiert.