Offer u fräien Aarbechtsplazen

D’Chamberverwaltung sicht reegelméisseg nei Collaborateuren, fir all hiren Aufgabe gerecht ze ginn. Et geet drëm, sech mat vollem Engagement fir den éischte Pouvoir vum Land anzesetzen.

  

  • Wann Dir eng Aarbecht sicht an Iech wëllt an der éischter Institutioun vum Land engagéieren, da fannt Dir an der Chamberverwaltung attraktiv Aarbechtskonditioune mat dësen Elementer:

    • de Statut vum Fonctionnaire vun der Chamber an de Gehälterregimm vun de Fonctionnairë vun der Chamber
    • eng Strategie vu Modernisatioun a vun Optimisatioun vun den Aarbechtsofleef
    • Aktivitéiten, fir d’Kohäsioun an d’Zesummenaarbecht ze stäerken, wéi zum Beispill Teambuilding-Evenementer
    • Efforten, fir déi intern Kommunikatioun ze optimiséieren
    • D’Méiglechkeet, d’privat an d’professionellt Liewen an Aklang ze bréngen, iwwer zum Beispill d’Promotioun vum Teletravail
    • Der Chamber hiren Engagement, fir den Accent op d’Wuelbefannen op der Schaff ze leeën, an e staarken Engagement géint Diskriminatiounen.

    D’Chamberverwaltung wëllt engagéiert, motivéiert, talentéiert a kompetent Leit astellen an e Pool vun de beschten Talenter a Kompetenze sinn.

  • Fräi Plaze ginn an der Rubrik vun den Offere fir eng Schaff publizéiert. Et fënnt ee se och an der lokaler Press. Fräi Plaze fir Fonctionnairen oder Fonctionnaire-stagiairë fënnt een op GovJobs.lu.

    Spontan Kandidature ginn net ugeholl.

    Stagen a Vakanzenjobbe ginn och ugebueden, awer a limitéierter Zuel no Krittären an Disponibilitéiten, déi all Joer definéiert ginn.

Déi verschidde Beruffer vun der Chamber stelle sech vir

     
D'Membere vun der Verwaltung

 
D'Chamberverwaltung am Déngscht vun den Deputéierten

Méi uweisen