Méi Temoignagen

    
D’Membere vun der parlamentarescher Verwaltung iwwer hire Beruff

Meng Aarbecht an der Chamber ass ...

„… fir d'Debatten aus den ëffentlechen Sëtzungen an d'Questions parlementaires am Chamberblietchen ze publizéieren.“

- Danièle Hubsch, Service du Compte rendu

„… d'Konte vun der Chamber am An ze behalen.“

- Nico Iannizzi, Service Financier

„… ze kucken, datt d'Parlament ëmmer gutt ofgeséchert ass, egal ob bei eventuelle Plainten oder de Kontrakter, déi ausgehandelt ginn.“

- Tamara Scholtes, Service Juridique

„…d'Aarbechten an de Kommissiounen, d'Häerzstéck vun enger parlamentarescher Demokratie, ze begleeden.“

- Laurent Besch, Resp. Service des Commissions

„… e ganz valorisanten Job, an deem ee vill Kontakt mat de Leit huet. Dem Service RH seng Vocation ass, allzäit fir d'Personal do ze sinn.“

- Manon Hoffmann, Resp. RH - Ressources humaines

„… mech ëm den Ënnerhalt vun der Technik ze këmmeren, déi gutt verstoppt ass duerch déi architektonesch Konzeptioun. Doduerch ass den Ënnerhalt opwenneg.“

- Pol Schiltz, Resp. Service Achats, Gestion des Biens et Bâtiments et Sécurité

„... d'Engagementer an d'Ordonnancementer vun allen Ausgabe vun der Chamber ze kontrolléieren an esou sécherzestellen, datt de Budget vun der Chamber gesetzeskonform ausgi gëtt.“

- Marie Fischer, Service du Contrôle financier

„…déi parlamentaresch Aktivitéit vun ënnert anerem de Plenièren a Kommissiounen no baussen ze droen.“

- Nadine Gautier, Service des Relations publiques

„… fir e performant a séchert Kommunikatiounsnetz tëscht den Informatikssystemer vun der Chamber a senge Benotzer ze suergen.“

- Alain Heiser, Service Technologies de l’Information

„... Informatiounen an Dokumenter ze sammelen, ze verschaffen, op eisem Intranet fir d'Deputéiert, déi politesch Fraktiounen a Sensibilitéiten ze optiméieren an se fir de grousse Public um Internetsite vun der Chamber accessibel ze maachen.“

- Chris Sinner, Service gestion des connaissances

„... un der Entwécklung vun der Recherche innerhalb vun der Chamber deelzehuelen an esou zu enger politescher Kultur bäizedroen, déi op wëssenschaftlechen an technologesche Kenntnisser baséiert.“

- Danielle Wolter, Cellule scientifique

„… d’Gesetzestexter virum Vott an der Chamber op Typographie, Punktuatioun, Orthographie, Grammatik an Numerotatioun ze kontrolléieren.“

- Tania Braas, Resp. Service légistique

„... fir ënnert anerem wärend de Chambersitzunge fir Uerdnung ze suergen.“

- Fabien Collarini, Service Logistique et Technique