Familiär Inkompatibilitéiten an der Chamber zu Lëtzebuerg an an auslännesche Parlamenter
Am Kontext vun den Diskussiounen iwwert eng Reform vum Walgesetz gouf d'Cellule scientifique vun der Chamber eng Recherche iwwer d'familiär Inkompatibilitéite fir d'Deputéiert gefrot.
Resümmee
▬ Den Artikel 131 vum Walgesetz bezitt sech op d’Inkompatibilitéiten am Hibléck op familiär Relatiounen an d’Bestietnis.
▬ Dësen Artikel beseet, dass d’„Membere vun der Chamber weeder dierfe bis zum zweete Grad matenee Famill nach duerch e Bestietnis matenee liéiert sinn; am Fall wou si béid gewielt ginn, gëtt ausgeloust, wien zum gewielte Kandidat ernannt gëtt [Auszuch fräi iwwersat].“
▬ D’Zil vun dëser wëssenschaftlecher Aarbecht ass et, d’Bedeitung vum Artikel 131 vum Walgesetz souwéi seng textuell Evolutioun a seng Begrënnung ze erfuerschen. Donieft geet et drëm, ze ermëttelen, ob an aneren, auslännesche Parlamenter änlech Bestëmmungen a Kraaft sinn.
▬ Zu Lëtzebuerg kënne Persounen, déi an engem Bestietnis oder bis zum zweete Grad matenee Famill sinn, net gläichzäiteg en Deputéiertemandat ausüben.
▬ De Respekt vun dësem Verbuet gëtt duerch d’Deklaratioun iwwert d’Inkompatibilitéiten am Hibléck op d’Bestietnis a familiär Relatioune séchergestallt, déi d’Deputéiert ausfëlle mussen, wa se hir Funktioun untrieden.
▬ Wéi d’Deklaration et beschreift, gehéieren zum Lien duerch Bestietnis an zu de familiäre Relatioune bis zum zweete Grad de Papp a säi Fils, de Brudder a seng Schwëster, mee och de Schwéierpapp a säin Eedem, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen.
▬ D’familiär Relatiounen an de Lien duerch Bestietnis bis zum zweete Grad begräifen och en neie Mann oder eng nei Fra an d’Kanner aus enger viregter Relatioun vum jeeweilege Conjoint an. Dëse Lien tëscht de Stéifelteren an hire Stéifkanner gouf bis dato net als Uwendungsberäich vum Artikel 131 vum Walgesetz mat opgezielt. Et wär ugemiess, dëse bei déi inkompatibel familiär Relatiounen derbäizesetzen, déi an der Deklaratioun iwwert d’Inkompatibilitéiten am Hibléck op d’Bestietnis a familiär Relatioune beschriwwe sinn.
▬ D’familiär Inkompatibilitéiten, wéi se fir déi Lëtzebuerger Deputéiert applikabel sinn, sinn net nei: Si gi bis op déi éischt Verfassung vun 1841 zeréck, déi et dem Papp a sengem Fils wéi och dem Papp a sengem Eedem verbueden huet, zesummen am Parlament ze tagen. Den Text, deen dëst encadréiert huet, huet no 1841 dräi grouss Evolutiounen duerchlaf. Déi éischt war 1879, wéi d’Bridder derbäikomm sinn. Déi zweet gréisser Evolutioun war 1919, wéi d’Frae mat opgeholl goufen, fir déi vun do un déi selwecht familiär Inkompatibilitéite gegollt hu wéi fir hir männlech Amtskolleegen. Schlussendlech gouf 1924 d’Formuléierung vum éischte Saz zeréckbehalen (bis zum Stréchpunkt), wéi mir en haut kennen, mat virun allem dem Bestietnis an de familiäre Bezéiunge bis zum zweete Grad.
▬ D’Analys vun de parlamentaresche Virbereedungsaarbechten a Compte-rendue vum 19. Joerhonnert weist, dass d’familiär Inkompatibilitéiten, wéi erwaart, den Zweck hunn, ze verhënneren, dass eng eenzel Famill ze vill Afloss op e klengt Parlament mat enger beschränkter Unzuel un Deputéierte kann huelen.
▬ Méi iwwerraschend ass vläicht, dass déi vergläichend Analys duerleet, dass Lëtzebuerg eng Ausnam ënnert de parlamentaresche Systemer duerstellt, déi matenee verglach goufen: Tatsächlech huet d’Recherche, an déi 42 Parlamenter mat abezu goufen, erginn, dass Lëtzebuerg, zesumme mat San Marino (mat 60 Parlamentarier bei enger Gesamtpopulatioun vun eppes iwwer 30.000 Awunner), dat eenzegt Land ass, dat familiär Inkompatibilitéite fir seng national Parlamentarier ageféiert huet.
▬ Nieft San Marino ass d’Schwäiz e weidert ernimmenswäert Beispill, dat an deem Zesummenhang ervirgehuewe ka ginn: Och wa keng familiär Inkompatibilitéite fir déi national Schwäizer Parlamentarier gëllen, ginn änlech Restriktioune beim Bundesrat applizéiert, deen aus siwe Membere besteet. Doriwwer eraus sinn och d’Parlamentarier vun zwee vun de 26 Schwäizer Kantonsparlamenter vu familiären Inkompatibilitéitsreegele betraff. Et handelt sech ëm d’Parlamentarier aus de Kantonen Obwalden (55 Membere bei 38.000 Awunner) an Tessin (90 Membere bei 350.000 Awunner).
▬ Wat interessant ass un de Beispiller vu San Marino an der Schwäiz, ass, dass d’familiär Inkompatibilitéiten, déi a Kraaft sinn, net just fir Koppele gëllen, déi bestuet oder an enger legal agedroener Partnerschaft sinn, mee och fir Liewenspartner (déi an enger De-facto-Liewensgemeinschaft liewen). Ofgesi vun den De-facto-Liewenspartnerschaften ass den Uwendungsberäich vun de familiären Inkompatibilitéiten zu San Marino awer staark begrenzt, vu dass se sech just op familiär Relatiounen an direkter Linn vum éischte Grad bezéien (dat heescht nëmmen op Lienen tëscht Papp a Fils, Papp an Duechter, Mamm a Fils a Mamm a Meedchen). Am Géigesaz dozou ass den Uwendungsberäich vun de familiären Inkompatibilitéiten an der Schwäiz immens large an dës begräifen och de Monni a seng Niess oder d’Cousinë mat an.
▬ Am Géigesaz zu den uewe genannte Beispiller aus dem Ausland gëtt et an de Parlamenter zu Monaco, a Liechtenstein, an Andorra, op Zypern, an Island an op Malta keng esou familiär Inkompatibilitéiten, obschonn d’demografesch Gréisst an d’parlamentaresch Vertriedung d’selwecht oder méi geréng si wéi zu Lëtzebuerg.
▬ Et ass nach unzemierken, dass d’familiär Inkompatibilitéiten am Ausland vereenzelt fir Kriticke suergen. Verschidden Auteure brénge Géigenargumenter ervir, virun allem dass d’De-facto-Liewenspartnerschaften (Kritik un der belscher Doktrinn) oder d’Kanner aus den zwou viregte Partnerschaften, déi an enger Patchworkfamill liewen (Kritik un der Schwäizer Doktrinn), net matabezu ginn.