Délégation luxembourgeoise auprès de la Conférence interparlementaire sur la stabilité, la gouvernance économique et la gouvernance au sein de l'Union européenne (SCEG)

D’interparlamentaresch Konferenz iwwer Stabilitéit, ekonomesch Koordinatioun a Steierung an der EU - SCEG

Déi Konferenz gouf mam Artikel 13 vum Traité iwwer Stabilitéit, Koordinatioun a Steierung an der Wirtschafts- a Wärungsunioun (als „Fiskalpak“ bekannt) geschaf. Deen Traité ass den 1. Januar 2013 a Kraaft getrueden. Déi éischt Reunioun vun der interparlamentarescher Konferenz iwwer Wirtschafts- a Finanzsteierung war de 16. Oktober 2013.

Den Traité hält drop, dass d’Länner, déi en ënnerschriwwen hunn, hir Budgetspolitik koordinéieren (Artikelen 9 an 10). Den Traité erméiglecht et, nom Artikel 13, dass déi national Parlamenter en Debat iwwer d’Budgetspolitik an aner Froen, déi den Traité virgesäit, féieren.

D’interparlamentaresch Konferenz iwwer Stabilitéit, ekonomesch Koordinatioun a Steierung ass e Referenzkader, fir den Austausch vu Meenungen an Informatioune fir den Traité ëmzesetzen. Esou soll d’Zesummenaarbecht tëscht den nationale Parlamenter an dem Europaparlament verstäerkt ginn. Et soll eppes fir d’demokratesch Responsabilitéit am Beräich vun der Steierung vun der Ekonomie an der Budgetspolitik gemaach ginn, besonnesch an der Wirtschafts- a Wärungsunioun. Do soll dann der sozialer Dimensioun Rechnung gedroe ginn, ouni d’Kompetenze vun den EU-Parlamenter unzetaaschten.

D’Membere gesi sech zweemol pro Joer: am éischte Semester am Europaparlament an am zweete Semester an deem Memberland, dat d’Presidence huet.

Zesummesetzung an Informatiounen

Articles associés