Themateschen Dossier

Revisioune vun der Constitutioun

D'Chamber ass mat hieren Aarbechten amgaang d'Verfassung un d'Zäit vun haut unzepassen

 

Update den 31.08.2022

Déi 4 Revisiounspropositioune mussen nach an en 2. Vott

Déi 4 Revisiounspropositioune mussen nach an en zweete Vott ugeholl. Se mussen nach eng zweete Kéier an der Plénière gestëmmt ginn. Dat geschitt eréischt da wann de legislative Kader, deen d’Revisioune begleet, do ass.

An all éischte Vott hu méi wéi zweedrëttel vun den Deputéierten déi present waren Jo gestëmmt, esou dass déi néideg Majoritéit ereecht war.

Jo gestëmmt haten all Kéier d’Deputéiert vun CSV, DP, LSAP, déi gréng a Piraten. Déi Lénk hate sech alll Kéier enthalen an d’ADR-Deputéiert hu 4 mol Nee gesteëmmt.

D'Revisioune vun der Constitutioun: wéi a firwat ?

  • Mat den Ännerungen un der Constitutioun gëtt d'Zil verfollegt:

    • d’Sprooch ze moderniséieren,

    • d’Texter unzepassen un d’Realitéit an den aktuelle Fonctionnement vun den Institutiounen.

  • Déi véier Propositioune fir eng Revisioun vun der Constitutioun bauen op den Aarbechten un der virger Propositioun fir eng Revisioun (Nummer 6030) op.

    D’Propositioun 6030 war 2009 deposéiert ginn. D’Kommissioun vun den Institutiounen an der Revisioun vun der Constitutioun huet bal 10 Joer op hir geschafft.

    De Konsensus deen am Juni 2018 erreecht gi war, no 15 Joer Aarbechten, gouf a Fro gestallt. Doropper hin huet sech missen op en alternative Parcours gëeenegt ginn.

    Op der Basis vun engem politeschen Accord tëscht de Parteien gouf folgendes zréck behal :

    • Et gëtt gemeinsame Wëlle gëtt fir den Verfassungstext der Akltualitéit unzepassen an de Status quo ass keng Optioun.
    • D’Verfassung gëtt an Etappen iwwerschafft an no Kapitelen. Dat geschitt no de Prioritéiten déi d’Kommissioun vun den Institutiounen an der Verfassungsrevisioun fest gehal huet.
    • Eng provisoresch Lëscht vu punktuellen Upassungen, op där et e breede Konsens gouf, war an der Kommissioun ugeholl ginn.

    Op déi Manéier gouf decidéiert Dispositiounen ze reforméieren

    • déi mam Fonctionnement vun der Justiz ze dinn hunn (Propositioun fir eng Revisioun Nr. 7575)
    • déi sech op d’Organisatioun vum Staat bezéien, op den Territoire, op d’Awunner, de Grand-Duc an d’Monarchie, d’Regierung, d’Relatiounen tëscht Staat a reliéise Communautéiten, d’Gemengen, grad ewéi op generell an Iwwergansreegelungen (Propositioun fir eng Propositioun Nr. 7700)
    • déi sech op Rechter a Flichte bezéien (Propositioun fir eng Propositioun Nr. 7755)
    • déi d’Chamber an de Staatsrot concernéieren (Propositioun fir eng Propositioun Nr. 7777)
  • D‘Chamber huet d’Bierger dozou opgeruff, um Ausschaffe vun deenen neien Dispositiounen deelzehuelen: Am Juni 2015 goufen d’Wieler per Referendum zu dräi Froen ëm hir Meenung gefrot, iwwer:

    • d’Walrecht vun den Netlëtzebuerger bei de Legislativwalen,

    • dat fakultatiivt Walrecht fir Jonker vu 16 Joer un,

    • déi zäitlech Begrenzung vun de Ministermandater.

    D’Chamber huet an deem Kontext eng Rei Informatiounsversammlungen organiséiert an en Internetsite fräigeschalt. Bei hiren uschléissenden Aarbechten huet si d'Resultat vum Referendum respektéiert. Sou gëtt festgehalen, dass de Prinzip, no deem d’Walrecht per Gesetz op Netlëtzebuerger ausgedeent ka ginn, net fir de Fall vun de Chamberwale gëllt.

    Iwwert den Internetsite www.ärvirschléi.lu konnten d’Bierger hir Virschléi fir d‘Ännerung vun der Constitutioun eraginn. 139 Bierger oder Associatiounen hu matgemaach a Propositiounen agereecht. Eng Partie vun hinnen hunn dunn an ëffentlechen Hearingen zesummen iwwert déi Virschléi diskutéiert. Dës Aarbechten hu vu Juli 2015 bis Juli 2016 gedauert.

    An et ass och esou, dass en Deel vun de Bierger hiren Iddien an déi nei Bestëmmunge vun der Verfassung matagefloss sinn. Dat ass zum Beispill de Fall fir d‘Rechter vum Kand, de sozialen Dialog, d‘wëssenschaftlech Fuerschung oder och nach den Zougang zur Kultur.

    E Projet, dee vum Léierstull fir parlamentaresch Studien an Zesummenaarbecht mat TNS ILRES lancéiert gouf, hat sech zum Zil gesat erauszefannen, wat d‘Lëtzebuerger Staatsbierger sech vun enger Verfassungsreform erwaarden. Dofir goufe 60 Lëtzebuerger Bierger iwwer 16 Joer ausgewielt, fir sech an Diskussionsgruppen - den 2. an den 9. Juli 2016 - iwwert de Projet fir d‘Ännerung vun der Constitutioun auszetauschen.

  • Follgend Bestëmmunge sinn no der Biergerconsultatioun an d‘Propositioune fir e Verfassungstext opgeholl ginn:

    • d’Rechter vum Kand,

    • de sozialen Dialog,

    • den Zougang zur Kultur an d’Recht, sech kulturell ze entfalen, souwéi de Schutz vum kulturelle Patrimoine,

    • d‘Unerkennung vum Déier als net mënschlecht Liewewiese mat Sensibilitéit, Schutz vu sengem Wuelbefannen,

    • d‘Fräiheet vun der wëssenschaftlecher Fuerschung,

    • d‘Initiativrecht vun de Bierger, fir Gesetzer virzeschloen,

    • den Ombudsmann.

  • Fir d’Revisioun vun der Constitutioun gëllt eng vill méi komplex Prozedur wéi fir d’Modifikatioun vun engem einfache Gesetz. Et geet nämlech drëm, dem Verfassungstext, dee jo vu fundamentaler Bedeitung ass, eng maximal Stabilitéit ze ginn.

    Fir all Revisioun vun der Constitutioun sinn zwee separat Votten noutwendeg, tëschent deenen en Zäitraum vun op d’mannst dräi Méint leie muss. Fir béid Votten ass eng Zweedrëttelmajoritéit néideg an de Vote par procuration ass net zougelooss. Den zweete Vott kann duerch e Referendum ersat ginn, wann ee Véierel vun den Deputéierten, also op d’mannst 16 Deputéiert, oder awer 25.000 Wieler dat froen. Gëtt d’Revisioun vun der Verfassung vun de Wieler ofgeleent, da ginn och d’Modifikatiounen net zréckbehalen. D‘Constitutioun gëtt an deem Fall also net geännert.

    Am Resümmee kann ee soen, dass d’Prozedur fir d’Modifikatioun vun der Verfassung onverännert bleift.

  • No der Adoptioun vun all eenzel Propositioun fir d’Revisioun vun der Constitutioun gëtt deen neien Text bannent dräi Méint vum Grand-Duc ënnerschriwwen. Da gëtt den Text am « Journal officiel » publizéiert an trëtt sechs Méint no senger Publikatioun a Kraaft.

D'Haaptchangementer, Kapitel fir Kapitel

D'Kapitel "Justiz"

En neit Organ: de "Conseil national de la justice"

Méi uweisen
D’Organisatioun vu Staat, Monarchie, Regierung, Reliounsgemeinschaften

D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt an d’Constitutioun ageschriwwen an et gëtt sech weider zur Méisproochegkeet bekannt. 

Méi uweisen
D'Kapitel "Rechter a Fräiheeten"

Den Intérêt vum Kand gëtt als e Recht ageschriwwen

Méi uweisen
D'Kapitel "Chamber a Staatsrot"

D'Initiativrecht vun de Bierger an e méi einfachen Zougang zum "droit d'enquête"

Méi uweisen

Déi zoustänneg Chamberkommissioun

Chronologie

2009
De Paul-Henri Meyers deposéiert eng Revisiounspropositioun

D'Revisiounspropositioun 6030 ass d'Resultat vun den Iwwerleeungen an Aarbechten déi zenter 2005 an der zoustänneger Chamberkommissioun gemaach goufen. Se gouf den 21.Abrëll 2009 vum CSV-Deputéierte Paul Henri Meyers deposéiert.

2009 - 2021
Aarbechten op der Propositioun fir eng Revisioun Nummer 6030

Déi zoustänneg Chamberkommissioun schafft op der Revisiounspropositioun Nummer 6030.

7. Juni 2015
E Referendum mat 3 Froen
E Referendum mat 3 Froen

Am Juni 2015 kréien d’Wieler an engem Referendum 3 Froe gestallt, wou se all Kéier Jo der Nee kënnen äntweren:

- D’Recht vun Net-Lëtzebuerger fir an de Chamberwale matzeman (80,5 % Nee)
- Dat fakultativt Walrecht fir Jonker vu 16 Joer un (77 % Nee)
- Eng zäitlech Limitt fir Member vun der Regierung ze sinn (69 % Nee)

D’Chamber hat an deem Kontext eng Rei Informatiounsversammlungen gehal. Et gouf och en extra Internetsitt zum Referendum.

24. Februar 2016
Eng Revisiounspropositioun vun « déi Lénk »

De Serge Urbany vun "déi Lénk" ass Auteur vun enger Propositioun fir d'Revisioun vun der Constitutioun. Do ginn ënner anerem nei Rechter a Grondrechter virgesinn, d'Walrecht vu 16 Joer u fir Auslänner déi 5 Joer am Land sinn an eng Republik.

08. Oktober 2021
Reunioun iwwer d’Revisioune vun der Constitutioun am Tramsschapp
Reunioun iwwer d’Revisioune vun der Constitutioun am Tramsschapp

Ronn 100 Leit waren an den Tramsschapp komm, fir sech iwwer d’Revisiounen z’informéieren. Op der Tribün war ee Vertrieder vun all Partei aus der Chamber, fir op de Bierger hir Froen z’äntweren.

18. Oktober 2021
Table ronde iwwer d'Kapitel « Justiz » opChamber TV

Am Virfeld vum Vott, déi selwecht Woch an der Chamber, ware Vertrieder vun de 7 Parteien aus der Chamber an enger Table ronde an där iwwer d’Revisioun vum Kapitel « Justiz » (7575) diskutéiert gouf.

20. Oktober 2021
En 1. Vott, deen iwwer d'Kapitel "Justitz"
En 1. Vott, deen iwwer d'Kapitel "Justitz"

An der ëffentlecher Sitzung gouf eng éischt vu 4 Revisiounspropositiounen ugeholl : 51 Deputéiert hu Jo gestëmmt (CSV, DP, LSAP, déi gréng a Piraten), 4 Nee (ADR) an 2 Deputéiert hu sech enthalen (déi Lénk).
Am ganze ware 57 Deputéiert present, Procuratioune si bei Votten iwwer d’Constitutioun net méiglech.

17. Januar 2022
Table ronde iwwer d’Kapitel « Organisatioun vum Staat » op Chamber TV

An der Debatt an dëser Table ronde goufen iwwer Sujete geschwat wéi d’Sproochen déi an der Constitutioun ageschriwwe sinn, der Monarchie hir Pouvoiren, Motiounen déi der Regierung d’Vertrauen oder d’Mësstrauen ausspriechen, oder nach d’Trennung vu Kierch a Staat.

25. Januar 2022
En zweete Vott iwwer d'Revisioune vun der Constitutioun
En zweete Vott iwwer d'Revisioune vun der Constitutioun

D’Deputéiert hunn an ëffentlecher Sitzung déi zweet Revisiounspropositioun (7700), iwwer d’Organisatioun vum Staat ugeholl. 49 Deputéiert hu Jo gestëmmt (CSV, DP, LSAP, déi gréng a Piraten), 4 Nee (ADR) an 1 Deputéiert huet sech enthalen (déi Lénk). Et goung ënner anerem ëm d’Organisatioun vum Staat, d’Symboler vum Land, d’Sprooch an d’Monarchie.

07. März 2022
Table ronde iwwer d'Kapitel "Rechter a Fräiheeten» op Chamber TV

Am Virfeld vum Vott, déi selwecht Woch, iwwer d’Kapitel « Rechter a Fräiheeten » (7755), war et Thema an enger Table ronde op Chamber TV. Ënner anerem goung et ëm eng Kategorie déi nei an d’Constitutioun era kënnt : déi vun de Staatsziler (objectifs à valeur constitutionnelle). Do dernieft ginn et Grondrechter a Biergerfräiheete wou all Kéier eenzel Fräiheeten/Rechter nei dobäi kommen.

9. März 2022
En drëtte Vott iwwer eng Revisiounspropositioun
En drëtte Vott iwwer eng Revisiounspropositioun

D’Deputéiert hunn an ëffentlecher Sitzung déi drëtt Revisiounspropositioun (7755), iwwer d’Rechter a Fräiheeten ugeholl. 46 Deputéiert hu Jo gestëmmt (CSV, DP, LSAP, déi gréng a Piraten), 4 Nee (ADR) an 2 Deputéiert huet sech enthalen (déi Lénk).

11. Juli 2022
Table ronde iwwer d'Kapitel "Chamber a Staatsrot"

Deputéiert vun de 7 Parteien déi an der Chamber vertruede sinn hunn iwwer den 3.Volet vun de Revisioune vun der Constitutioun diskutéiert. Nei ass ënner anerem eng Initiativ vun de Bierger fir e Gesetz an e méi liichten Zougang zum Recht op Enquête.

13 juillet 2022
E leschte Vott an éischter Lecture
E leschte Vott an éischter Lecture

53 Deputéiert ware beim éischte constitutionnelle Vott iwwer d'Kapitel "Chamber a Staatsorot" dobäi (Revisiounspropositioun 7777).
47 Deputéiert hu fir den Text gestëmmt (CSV, DP, LSAP, déi gréng a Piraten), 4 (ADR) hunn dogéint gestëmmt an 2 (déi Lénk) hu sech enthalen.