D'Kapitel "Chamber a Staatsrot"

Artikel
Publizéiert le 13.07.2022 à 02h00 Update le 26.09.2022 à 11h10

D'Initiativrecht vun de Bierger an e méi einfachen Zougang zum "droit d'enquête"

En neit Instrument: d’Initiativrecht vun de Bierger

D’Bierger kréien d’Méiglechkeet, Gesetzestexter virzeschloen. Hir Propositioune musse begrënnt sinn, vun 125 Wieler agereecht a vun op
d’mannst 12.500 Wieler ënnerstëtzt ginn. Dës Virschléi sollen no Validatioun déi normal Gesetzesprozedur duerchlafen an ënnerscheeden
sech deemno däitlech vun de Petitiounen.

Der Chamber hir Pouvoire gi gestäerkt

D’Chamber mécht d’Gesetzer a kontrolléiert d’Aarbecht vun der Regierung.
Fir deenen Aufgaben nozekommen, ginn eng Partie Rechter an d’Verfassung ageschriwwen:

  • D’Chamber ka verlaangen, dass een oder méi Regierungsmembere present sinn.
  • Si kann der Regierung parlamentaresch Froen, och a Form vun Interpellatiounen, stellen. D’Regierung muss dorop äntweren.
  • D’Regierung ka vun der Chamber opgefuerdert ginn, hir all Informatiounen an Dokumenter zur Verfügung ze stellen, déi fir hir Aarbecht néideg sinn.
  • D’Chamber huet d’Recht, e Vertrauensvott fir oder e Mësstrauensvott géint d’Regierung ze huelen.

Méi en einfachen Zougang zum Droit d’enquête

An Zukunft muss eng Enquêtëkommissioun agesat ginn, wann op
d’mannst een Drëttel (20) vun den Deputéierten dat verlaangt. Am Moment
ass dat just de Fall, wa méi wéi d’Hallschent (31) vun den Deputéierten
dat freet.

Den Ombudsman

Mat deem neien Text gëtt den Ombudsman an der Constitutioun verankert.
Den Ombudsman ass un d’Chamber rattachéiert. E gëtt vun der Chamber virgeschloen a vum Grand-Duc genannt.

D'Revisiounspropositioun 7777

De Rapporter vun der Revisiounspropositioun 7777

Vidéo de la séance plénière