D’Organisatioun vu Staat, Monarchie, Regierung, Reliounsgemeinschaften

Artikel
Publizéiert le 25.01.2022 à 01h00 Update le 14.11.2022 à 09h09

D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt an d’Constitutioun ageschriwwen an et gëtt sech weider zur Méisproochegkeet bekannt. 

D’Sprooch an d’europäeesch Integratioun

  • D’Lëtzebuerger Sprooch, de Fändel, de Wopen an d’Nationalhymn kommen an d’Constitutioun. Um Prinzip vun der Méisproochegkeet gëtt festgehalen.
  • Et gëtt confirméiert, dass Lëtzebuerg beim europäeschen Integratiounsprozess matmécht.

Wat de Grand-Duc ugeet, gëtt et dës Prezisiounen:

  • En huet déi exekutiv Pouvoiren, zesumme mat der Regierung.
  • En ass nach ëmmer Kommandant vun der Arméi, awer ënnert der Responsabilitéit vun der Regierung.
  • D’Administratioun vum Grand-Duc kritt d’Rechtsperséinlechkeet.
  • Et gëtt detailléiert Reegele fir den Zougang zu der Funktioun vum Grand-Duc, fir d’Ofdanken a fir d’Regence.
  • Et gëtt keng Referenz méi op de Familljepakt.

 

Wat d'Regierung ugeet, gëtt den Text ugepasst

  • D’Regierung leet d’generell Politik vum Staat, de Premierminister koordinéiert der Regierung hir Aarbecht; domatt gëtt den Text der Praxis ugepasst.
  • De Vertrauens- an de Mësstrauensvott ginn am Text verankert.
  • D’Regierung an hir Membere musse sech géintiwwer der Chamber veräntwerten.

D’Gemengen, d’Beruffschamberen, d’Reliounsgemeinschaften

Et gëtt eng nei Sektioun iwwert d’Relatiounen tëscht dem Staat an de Reliounsgemeinschaften.

Fir d’Gemenge gëtt Verschiddenes preziséiert:

  • Si kréien d‘Finanzressourcen, déi fir hir Missiounen néideg sinn.
  • Et gëtt hinne méiglech, kommunal Établissement-publicken ze kreéieren.

D’Chambre-professionnellë ginn am Text verankert

D’Revisiounspropositioun 7700

De Rapporter vun der Revisiounspropositioun 7700

Video vun der ëffentlecher Sitzung