D'Kapitel "Rechter a Fräiheeten"

Artikel
Publizéiert le 09.03.2022 à 01h00 Update le 20.09.2022 à 13h15

Den Intérêt vum Kand gëtt als e Recht ageschriwwen

D'Grondrechter

Et ginn nei Grondrechter :

  • De Verbuet vun der Folter
  • d‘Onverletzbarkeet vum Mënsch senger Würd
  • d‘Recht op Integritéit vu Kierper a Geescht.

D'Biergerfräiheeten

Et ginn nei Biergerfräiheeten verankert :

  • d‘Recht eng Famill ze grënnen,
  • den Interessi vum Kand (ageféiert opgrond vun Biergerconsultatiounen)
  • d‘Recht op de Schutz vu perséinlechen Donnéeën,
  • d‘Recht op Asyl.

All Limitatioun vun de Fräiheete vun de Bierger muss vum Gesetz virgesi sinn an hire weesentlechen Inhalt respektéieren.

D'Staatsziler

Et gëtt eng nei Sektioun mat Staatsziler, déi d’Constitutioun festhält, ageféiert. E groussen Deel gëtt opgrond vun de Biergerconsultatiounen ageféiert.

 

Enner deenen neien Ziler fënnt een :

  • d‘Erhale vun der Biodiversitéit, den Asaz géint de Klimawandel,
  • d‘Unerkenne vun den Déieren als net mënschlech Liewewiese mat Sensibilitéit, de Schutz vun hirem Wuelbefannen
  • den Zougang zur Kultur an d‘Recht op kulturell Entwécklung,
  • de Schutz vum kulturelle Patrimoine
  • d‘Fräiheet vun der wëssenschaftlecher Fuerschung
  • de Sozialen Dialog
  • d‘Recht op Wunnen.

D'Revisiounspropositioun 7755

D'Rapportrice vum Kapitel "Rechter a Fräiheeten"

Video vun der ëffentlecher Sitzung