Ass d’internationaalt Recht eng Garantie géint autoritär Deriven?
Tëscht dem internationale Recht an der liberaler Demokratie besteet eng géigesäiteg strukturell Relatioun. D’Respektéiere vun den internationalen Normen a Geriichter ass, entgéint deem, wat déi illiberal Rhetorik behaapt, wäit dovun ewech, d’Souveränitéit vun de Staaten ze behënneren, mee et ass villméi eng Viraussetzung fir de Fortbestand vun der Demokratie selwer. Wa si a Fro gestallt ginn, gi gläichzäiteg och déi normativ Grondlage geschwächt, déi d’Demokratie vu banne schützen. Allerdéngs mussen dës Garantien am Fall vun enger Regierung, déi sech driwwer ewechsetze wëll, och wierklech ugewant kënne ginn.
Zougang zu Fuerschungsdokumenter
Iwwer d’Fuerschungsaarbechten
Lëtzebuerg ass fest an engem Netzwierk vun internationale Verflichtunge verankert: Als Grënnungsmember vum Europarot a vun der Europäescher Unioun profitéiert d’Land vu supranationale Schutzmechanismen, deenen hir Widderstandsfäegkeet allgemeng als onbestridde gëllt.
Mee wat géing geschéien, wann eng Regierung géif decidéieren, sech doriwwer ewechzesetzen? Wier dat internationaalt Recht dann eng reell Garantie géint autoritär Deriven oder stéisst et u Limitten, duerch déi et am konkreete Fall manner wierksam gëtt?
Den éischten Theemeberäich vum Stresstest vun den demokrateschen Institutiounen abordéiert dës Problematik mat Hëllef vun dräi complementaire Fuerschungsaarbechten, déi eng Äntwert op follgend grondleeënd Froe proposéieren:
- Wéi wäit kënnen déi europäesch Geriichter, den Europäesche Geriichtshaff an den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter extern Schutzinstrumenter duerstellen an ënner wéi enge Viraussetzunge kënnen hir Mechanismen e wierksamen Zwang op e Staat ausüben, dee rechtsstaatlech Standarden net anhält?
- Wéi eng Garantië bitt dat internationaalt Recht an der lëtzebuergescher Rechtsuerdnung géint Agrëff an d’Grondrechter a Verstéiss géint d’Rechtsstaatlechkeet?
- Wat sinn hir Limitten am Fall vun enger Regierung oder engem Gesetzgeeber, déi respektiv deen determinéiert ass, se ze ëmgoen?
- Wat ass hir konkreet Wierksamkeet, dat heescht hir Fäegkeet, vun den Acteuren aus der Justiz an den institutionellen Acteure mobiliséiert ze ginn, fir sech Moossnamen ze widdersetzen, déi Fräiheeten ofschafen?
Resümmee vun den dräi Fuerschungsaarbechten
- Den Europäesche Geriichtshaff, deen am Geltungsberäich vum Uniounsrecht iwwer d’Rechtsstaatlechkeet waacht, verfüügt iwwer e staarke Rechtspriechungsarsenal, notamment fir d’Onofhängegkeet vun de Geriichter ze schützen. Mee fir dass en intervenéiere kann, mussen d’Prozedure vun den nationale Geriichter a vun der Kommissioun aktivéiert ginn an e sanctionéiert och just d’Auswierkunge vun den illiberalen Deriven op de Fonctionnement vum EU-Recht, awer net d’Derivë selwer.
- Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter bitt e wäertvollt externt Netz, dat onofhängeg vun den nationale politeschen Dynamiken ass an esouwuel d’Onofhängegkeet vun der Justiz ewéi och déi institutionell Contre-pouvoiren an d’Zivilgesellschaft schützt. Senger Wierksamkeet steet allerdéngs e Paradox am Wee: Si setzt viraus, dass déi intern Voie-de-recoursen net virdru blockéiert goufen an dass bei de Staaten nach ëmmer eng minimal Bereetschaft besteet, seng Urteeler ze respektéieren.
- Um nationalen Niveau schaaft déi monistesch Lëtzebuerger Traditioun, no där dat internationaalt Recht d’Primautéit iwwer sämtlech intern Normen, dorënner och d’Verfassungsnormen, huet, e besonnesch gënschtegt Ëmfeld. D’Geriichter an de Staatsrot hu reell Mëttelen, fir sech Normen ze widdersetzen, déi Fräiheeten ofschafen. Mee dës Institutioune sinn net virun enger bewosster Schwächung geschützt. Geziilt legislativ Ännerunge kéinten hir Autoritéit nämlech substanziell reduzéieren.
D’Wierksamkeet hänkt vum Wëlle vun den Acteuren of
Dës dräi Analyse féieren zu engem weesentleche Constat: Et gëtt Garantien, mee hir Wierksamkeet hänkt vun den Acteuren hirem Wëllen of, se ze mobiliséieren, a vun hirer Fäegkeet, dëst ze maachen, ier en autoritäre Regimm derzou komm ass, se ze neutraliséieren. D’Luesheet vun de Geriichtsprozedure bitt de Regierungen, déi hir Macht onbedéngt festege wëllen, nämlech grad d’Zäitfënster, dëst ze maachen.