D'Chamber an d'Vereedegung vun de Grand-Ducen

 

Am Kader vun der Vereedegungszeremonie vu S.K.A. Guillaume, dem Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg, an der Chamber huet de Service d’Histoire parlementaire aacht Informatiounspanneauen iwwer d’Vereedegunge vun de Groussherzogen an der Chamber aus enger historescher Perspektiv entworf. Déi aacht Panneaue presentéieren d’Vereedegunge vun den hollännesche Souverainen, déi iwwer d’Groussherzogtum regéiert hunn, an Aklang mam Artikel 67 vun de Schlussakten vum Wiener Kongress, souwéi déi vun de Groussherzogen Adolf a Wëllem IV., de Groussherzoginne Marie-Adelheid a Charlotte, déi vun de Groussherzoge Jean an Henri wéi och déi vum Lieutenant-Représentant Prënz Guillaume am Joer 2024.

 

D’Panneaue gi kuerz virum Nationalfeierdag an de Vitrinnen am Passage laanscht d’Maison Wiltheim installéiert an ausgestallt bis zum Dag, wou de Prënz Guillaume am Oktober 2025 säin Eed ofleeë wäert. 

 

Dës Ausstellung mat Archivbiller, Illustratiounen an Texter iwwer d’Vereedegunge gëtt de Visiteuren d’Méiglechkeet, méi iwwer déi verschidde Vereedegungszeremonien aus der Perspektiv vum Parlament gewuer ze ginn, déi, mat e puer raren Ausnamen, an der Plenière vun der Chamber stattfonnt hunn.