Progressioun vun der Liewenserwaardung an Disparitéite bei der Stierflechkeet vu Pensionnairen zu Lëtzebuerg
Cellule Scientifique
Publizéiert le 31.07.2026 à 16h07
Update le 31.07.2026 à 16h07
Eng demografesch Analys vun der Laangliewegkeet vu Pensionnairen zwëschen 2000 an 2024
Note scientifique
- Dës Note scientifique ënnersicht d’Entwécklung vun der Laangliewegkeet vu Pensionnairen zu Lëtzebuerg an d’Disparitéite bei der Stierflechkeet, wéi se tëscht 2000 an 2024 opgrond vun zwou verschiddene komplementäre Quellen observéiert goufen: der Human Mortality Database (HMD) fir den internationale Verglach an der Luxembourg Microdata Platform on Labour and Social Protection (LMDP) baséierend op anonymiséierten individuelle Verwaltungsdonnéeë vum Land.
- Duerch den internationale Verglach loosse sech déi positiv Bilanze vu Lëtzebuerg confirméieren, dat säit dem Ufank vun den 2000er-Joren eng staark Erhéijung vun der Liewenserwaardung mat 60 Joer opweist, wouduerch et antëscht zu engem vun de fortschrëttlechste Länner bannent Europa ginn ass. Dës Progressioun schreift sech an de Kontext vun enger allgemeng verbesserter Laangliewegkeet vu Senioren an, wat e grousse Fortschrëtt, mat der Bevëlkerung, déi méi al gëtt, gläichzäiteg awer och eng Erausfuerderung bedeit.
- D’Analys weist och, dass de Stierfrisiko mat 60 Joer exponentiell an d’Luucht geet a sech all 6 Joer verduebelt. De järleche Stierfrisiko klëmmt mat all Liewensjoer ëm ongeféier 12 %, wat et erméiglecht, d’Ecartë bei der Stierflechkeet an eng equivalent Differenz bei der Liewenserwaardung ëmzerechnen.
- D’logistesch Modeller, deenen hir Schätzungen op de Mikrodonnéeë vun der LMDP berouen, sträichen en ausgepäägte soziale Gradient ervir. Bei de Lëtzebuerger Pensionnairen an den Awunner, déi e groussen Deel vun hirer berufflecher Karriär zu Lëtzebuerg ofgeschloss hunn (der „Kärpopulatioun“ vun dëser Note scientifique), läit den Ecart bei der Liewenserwaardung mat 60 Joer tëscht den héijen an den niddregen Dezille vun der Pensiounsverdeelung bei ongeféier 6 Joer. Dëse Gradient ass staark ausgepräägt bei de Männer a bleift wärend der ganzer Period zwëschen 2005 an 2024 konstant, wat d’Weiderbestoe vun de sozialen Ongläichheete bei der Laangliewegkeet beleet. Jee no Modell an ënnersichtem Bëvelkerungsdeel läit dëse Virdeel bei ronn 5 bis 8 Joer u Liewenserwaardung, wat bestätegt, wéi bedeitend de soziale Gradient bei der Stierflechkeet ass.
- Dës Ongläichheete bei der Laangliewegkeet schloen sech direkt nidder op Ongläichheete bei der Pensiounsdauer. Bei de Männer vun der Kärpopulatioun profitéieren d’Beneficiairë vun den héchste Pensiounen am Schnëtt 5 Joer méi laang vun der Pensioun wéi déi vum ënneschten Dezill vun de Pensiounen, e Resultat, wat sech gäichzäiteg aus enger méi héijer Liewenserwaardung an engem liicht méi spéiden Antrëtt an dʼPensioun ergëtt.
- An enger méi breeder Bevëlkerungsgrupp betruecht (déi eeëmoleg Frontalieren, auslännesch Residenten, Remigranten, déi zeréck an hir Länner gaange sinn, an Deelzäitaarbechtskräften zu Lëtzbuerg mat aschléisst) bleift de soziale Gradient bei de Männer och grouss mat engem Ecart vun duerchschnëttlech 4 bis 5,6 Joer (jee no Modell) tëscht de Pole vun de Pensiounsdezillen.
- Bei de Frae fält de Gradient, dee mat der Héicht vun de Pensiounen zesummenhänkt, vill méi geréng aus an erreecht an dëse Modeller net den Niveau vun enger statistescher Relevanz. Op där anerer Säit steet de Statut vum Aarbechter oder Handwierker mat enger signifikanter Iwwerstierflechkeet a Verbindung, déi sech bei de Fraen an engem Desavantage vun 3 bis 4 Joer u Liewenserwaardung ausdréckt.
- Déi observéiert Ënnerscheeder tëscht Männer a Frae gi virum Hannergrond vun ënnerschiddliche Karriärsverleef interpretéiert. Bei de Frae vun den ënnersichte Generatioune kënnen déi individuell Pensiounen ënner Ëmstänn méi staark duerch Ënnerbriechunge vun der Karriär, Deelzäitaarbecht oder duerch ofgeleete Rechter beaflosst sinn an domat manner zouverlässeg déi sozial Positioun erëmspigele wéi bei de Männer.
- Ënner soss gläichen Ëmstänn besteet bei der portugisescher Bevëlkerung eng relativ Ënnerstierflechkeet an der Héicht vun 3 zousätzleche Joren u Liewenserwaardung bei de Männer a vu 7,6 Jore bei de Fraen. Och bei de Pensionnairen, déi bei hirer leschter Beschäftegung als Frontalier geschafft hunn, ass e signifikante Virdeel vu ronn annerhallwem Joer ze verzeechnen. De fréiere Statut als Aarbechter oder Handwierker oder, paradoxerweis, als Fonctionnaire ass och ënner Berécksiichtegung vun der Héicht vun der Pensioun mat enger ëm annerhallef respektiv zwee Joer reduzéierter Liewenserwaardung liéiert. Dës Resultater mussen als statistesch Koinzidenze betruecht ginn, déi ënner soss gläichen Ëmstänn observéiert kënne ginn, an net als kausal Effekter.
- Schlussendlech fält e spéidere Pensiounsantrëtt mat enger reduzéierter Stierflechkeet zesummen, mee dës Relatioun muss mat grousser Virsiicht interpretéiert gi wéinst méigleche Selektiounseffekter a Verbindung mat der Gesondheet a mat viregte Karriärsverleef. Persounen, déi hir berufflech Lafbunn verlängeren, hunn dacks scho virdrun eng besser Gesondheet gehat an ënner manner belaaschtenden Aarbechtsbedéngunge geschafft