Porte ouverte an der Chamber

- 10:00

Kuckt hannert d'Kulisse vun der Chamber.

 

Samschdeg, den 22. Abrëll 2023, maachen eng ganz Partie Institutiounen a Ministèren zu Lëtzebuerg hir Diere vun 10 bis 18 Auer fir de Public op, dorënner och d'Chamber.
Profitéiert vun dëser Geleeënheet, fir Iech d’Gebaier méi genee unzekucken, a fir Iech iwwer d’Roll an de Fonctionnement vun deene verschiddenen ëffentlechen Acteuren ze informéieren.

Am Chambergebai stelle sech verschidde Partneren an Organer, déi an d'Chamber rattachéiert sinn, vir:

  • Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)
  • Ombudsman
  • Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu)
  • Centre pour l'égalité de traitement (CET)
  • Commission consultative des Droits de l'Homme (CCDH)
  • Chaire de recherche en études parlementaires
Wéi eng Institutiounen sinn op fir de Public?