Emission
Publizéiert le 23.01.2023 à 15h42 Update le 23.01.2023 à 15h51

Déi nei Funktioun vum Europadeputéierte Marc Angel

Den Invité an der Emissioun Chamber aktuell ass den Europadeputéierten an neie Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel.

  • 00:00
  • 17:12
  • 22:13
  • 26:05

Zanter dem leschte Mëttwoch ass den Europadeputéierte Marc Angel ee vun den 14 Vizepresidente vum Europaparlament. De Marc Angel gouf an enger Plenarsëtzung am zweeten Tour mat 307 Stëmme vun 645 op dee Poste gewielt. Mam LSAP-Europadeputéierten schwätze mir iwwer seng nei Funktioun an d’Aarbechten, déi am Europaparlament ustinn.

Aner Sujeten :

  • den Zesummenhalt an der Gesellschaft
  • de Majorz- a Proporzsystem fir d’Gemengewalen.
Den neie Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel am Studio vu Chamber aktuell.
Den neie Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel am Studio vu Chamber aktuell.