Glossaire

   

Amendement

En Amendement ass eng Propositioun vun der Regierung oder vun engem Deputéierte fir e Changement an engem Gesetzesprojet oder an enger Gesetzespropositioun. E kann an der parlamentarescher Kommissioun oder an enger ëffentlecher Sëtzung proposéiert ginn.

Chamberbureau

De Bureau, dee vun der Chamber gewielt gëtt, huet e President, dräi Vizepresidenten a siwe weider Memberen. De Generalsekretär ass Deel vum Bureau, däerf awer net mat ofstëmmen. De Bureau vertrëtt d’Chamber um nationalen an internationale Plang. E reegelt déi finanziell an organisatoresch Froe vun den Deputéierten, dem Parlament a sengen Organer. Donieft, këmmert e sech ëm d’Gestioun vun de Chamberugeleeënheeten an hëlt Decisiounen a puncto Organisatioun an Disziplin vum Personal.

Chamberkommissiounen

Fir d’Aarbechten an der ëffentlecher Sëtzung méi einfach an efficace ze maachen a fir se ze preparéieren, ginn et permanent Kommissiounen an, wann néideg, Spezialkommissiounen. D’Kommissiounen examinéieren d’Gesetzesprojeten an d’Gesetzespropositiounen an och d’Amendementer an d’Motiounen, déi de President hinnen zoukomme léisst. Hir Missioun ass et och, d’Debatten ze preparéieren an Auditiounen a Visitten ze organiséieren.

Chamberreglement

D’Chamberregement ass vun der Chamber adoptéiert a gëtt am Journal officiel publizéiert. D’Reglement bestëmmt d’Organisatioun an de Fonctionnement vun der Chamber an definéiert d’Prozeduren.

Chamberverwaltung

D’Chamberverwaltung, dat sinn e Generalsekretär, d’Adjointë vum Generalsekretär, Fonctionnairen an Employéen. De Generalsekretär gëtt vun der Chamber gewielt. Déi zwee Adjointë gi vum Bureau nominéiert. D’Attributioune vum Generalsekretär an den Adjointë gi vum Bureau festgeluecht.

Compte rendu

De Compte rendu ass eng Publikatioun vun der Chamber, an där een integral all d’Interventioune fënnt, déi an der ëffentlecher Sëtzung gemaach goufen. Am Compte rendu sinn och de Resumé vun de Gesetzestexter, déi ugeholl goufen, gradewéi d’Froen un d’Regierung mat den Äntwerten an eng Iwwersiicht iwwer d’Chamberaktivitéiten. De Compte rendu gëtt an de véier gréissten Dageszeitunge verëffentlecht a gratis un d’Stéit verdeelt.

Depot

Wann d’Chamber offiziell mat engem Gesetzesprojet oder enger Gesetzespropositioun befaasst gëtt, nennt een dësen Akt „Depot“.

Deputéiert

Den Deputéierten ass e Parlamentarier, also e Member vun der Chamber. D’Deputéiert representéier e mam Grand-Duc d’Natioun. Et handelt sech ëm de legislative Pouvoir. D’Constitutioun gesäit vir, datt d’Chamber d’Land representéiert. D’Deputéiert stëmme fräi of an duerfe just den Interessi vum Grand-Duché am An hunn. D’Zuel vun den Deputéierten ass duerch d’Verfassung op 60 limitéiert.

D’Opléise vun der Chamber

D’Deputéiert si fir fënnef Joer gewielt. Normalerweis leeft hiert Mandat mat der ëffentlecher Sëtzung, déi no de Walen ass, aus. Déi Sëtzung ass den drëtten Dënschdeg no de Walen. Et kann och sinn, datt d’Chamber virdrunner opgeléist gëtt. De Grand-Duc huet der Verfassung no d’Recht, d’Chamber opzeléisen.

Ëffentlech Petitiounen

Déi ëffentlech Petitioune ginn entweeder direkt online iwwer den Internetsite vun der Chamber agereecht oder iwwer e Spezialformulaire vun der Chamber, deen ee kann online eroflueden. Si mussen am generellen an nationalen Interessi sinn an d’eethesch Prinzippie respektéieren. Eng Petitioun kann net zweemol mam selwechte Sujet an enger Sessioun vum selwechte Petitionär agereecht ginn. Fir eng ëffentlech Petitioun kënnen eranzereechen an ze ënnerschreiwen, muss eng Persoun op d’mannst 15 Joer al sinn an am nationale Regëster vun de physesche Persounen ageschriwwe sinn. Si muss also eng Matricule hunn. D’Petitiounskommissioun an d’Presidentekonferenz analyséieren d’Petitioun an decidéieren, ob se recevabel ass oder net. Am Fall, wou se als irrecevabel ugesi gëtt, traitéiert d’Petitiounskommissioun se wéi eng einfach Petitioun. Wann eng elektronesch Petitioun de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht huet, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat mat der Petitiounskommissioun an der Kommissioun, déi sech ëm de Sujet këmmert.

Einfach Petitioun

Eng Petitioun ass eng Demande vun engem Eenzelen oder engem Grupp vu Persounen, déi un d’Chamber gestallt gëtt, fir datt d’Uleies vun de Petitionäre gehéiert gëtt a jee nodeem eng Decisioun geholl gëtt. D’Petitioune ginn un de Chamberpresident geriicht. Dee schéckt se an d’Petitiounskommissioun vun der Chamber oder un d’Kommissiounen, déi un engem Gesetzesprojet oder enger Gesetzespropositioun schaffen, déi de Sujet vun der Petitioun traitéieren. De President kann och eng Petitioun un de Chamberbureau weiderginn. D’Petitiounskommissioun decidéiert, ob si d’Petitiounen un e Minister, aner parlamentaresch Kommissiounen oder de Chamberbureau weiderschéckt. Si kann d’Petitiounen och einfach klasséieren.

Fraktiounen

Eng Fraktioun ass eng Formatioun vun der Chamber, déi d’Membere regroupéiert, déi déi selwecht politesch Affinitéiten hunn. Fir als Fraktioun kënnen unerkannt ze ginn, muss se op d’mannst fënnef Memberen hunn. All Fraktioun designéiert e President, dee si an der Presidentekonferenz vertrëtt. All Fraktioun kritt Raimlechkeeten a finanziell Moyenen zur Verfügung gestallt, déi proportionell zu hirer Representatioun an der Chamber sinn.

Froen

Am Kader vun hirer Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Regierung huet d’Chamber d’Recht, Froen un d’Regierungsmemberen ze stellen. En Deputéierte ka vum Minister Informatioune froen zu Ugeleeënheete vun der Verwaltung oder och der Regierung. D’Chamberreglement gesäit verschidden Zorte vu Froe vir: schrëftlech Froen, urgent Froen, Froe mat Debatt a Froen, déi an enger Froestonn oder Aktualitéitsstonn gestallt ginn.

Gesetz

D’Gesetz gëtt vum legislative Pouvoir adoptéiert an imposéiert sech alle Bierger, nodeems de Grand-Duc den Text promulgéiert huet an en am Journal officiel publizéiert gouf.

Gesetzespropositioun

Eng Gesetzespropositioun geet op d’Initiativ vun engem Deputéierten zeréck. Wéi och fir d’Gesetzesprojete muss den Auteur vun enger Gesetzespropositioun d’Ziler erklären an d’Artikele kommentéieren.

Gesetzesprojet

De Grand-Duc huet en Initiativrecht, wat déi legislativ Matière ugeet, gradewéi all Member vun der Chamber.

D’Initiativ vum Grand-Duc gëtt och nach „Regierungsinitiativ“ genannt; et nennt ee se „Gesetzesprojet“. Et ass eng Propos fir en Text, dee vun der Chamber ze adoptéiere wär. Bei de Gesetzesprojete fënnt een en Exposé des motifs, an deem d’Ziler an d’Entwécklunge vum Gesetz erkläert ginn, gradewéi e Commentaire zu den Artikelen.

Huis clos

D’Sëtzungen an der Chamber sinn ëffentlech, ausser wann d’Majoritéit vum Parlament dat anescht entscheet. An deem Fall kënnt d’Chamber am Huis clos zesummen an d’Sëtzung ass geheim.

Interpellatioun

Eng Interpellatioun ass eng Demande fir en ëffentlechen Debat vun engem Deputéierten un e Minister oder un déi ganz Regierung. Si kënnen da Stellung huelen zu enger administrativer Mesure oder der genereller politescher Linn vun der Regierung.

Legislative Pouvoir

De Pouvoir legislativ mécht Gesetzer. Dee Pouvoir huet d’Chamber.

Legislatur

D’Legislatur ass eng Period, fir déi d’Deputéiert gewielt ginn. Si dauert an der Reegel fënnef Joer, ausser wann d’Wale virgezu ginn.

Motioun

Eng Motioun ass en Text, dee vun der Chamber baussent der Prozedur adoptéiert gouf, déi fir e Gesetz virgesinn ass. Eng Motioun invitéiert d’Regierung, fir verschidden Initiativen ze huelen oder eng bestëmmte Positioun anzehuelen.

Parlamentaresch Dokumenter

D’Gesetzesprojeten a Gesetzespropositiounen esouwéi d’Avisen an d’Rapporte ginn als parlamentaresch Dokumenter publizéiert.

Parlamentaresch Enquête

 

Den Artikel 64 vun der Constitutioun gesäit vir, datt d’Chamber d’Recht huet, eng Enquête opzemaachen. Do ka si dann Zeien an Experten héieren, fir all Informatioune vun ëffentlechem Interessi ze sammelen. Fir vun deem Recht Gebrauch ze maachen, gëtt eng Enquêtëkommissioun opgesat.

D’Recht ze enquêtéieren ass iwwer d’Gesetz vum 27. Februar 2011 gereegelt. Dëst Gesetz huet d’Gesetz vum 18. Abrëll 1911 ofgeléist. D’Pouvoiren, déi d’Chamber oder d’Enquêtëkommissioun hunn, gradewéi hire President, sinn déi vum Untersuchungsriichter, wann eng Enquête ordonéiert gëtt.

 

Politesch Sensibilitéit

En Deputéierten, deen a kenger Fraktioun an a kengem technesche Grupp ass, bilt eng politesch Sensibilitéit.

Presidentekonferenz

D’Haaptmissioun vun der Presidentekonferenz ass et, der Chamber hir Aarbechten ze organiséieren. Si proposéiert den Ordre du jour vun den ëffentleche Sëtzungen a gëtt hiren Avis iwwer déi Projete vu groussherzogleche Reglementer of, wou dat per Gesetz gefrot ass.

Quorum

De Quorum ass de Minimum vu Memberen, déi present musse sinn, fir datt d’Chamber kann ofstëmmen.

Rapporter

De Rapporter ass e Member vun enger Chamberkommissioun, deen an enger ëffentlecher Sëtzung de Rapport vun der Kommissioun iwwer en Text presentéiert.

Renvoi

De Renvoi ass, wann d’Presidentekonferenz eng Kommissioun mat engem Gesetzesprojet oder engem aneren Dokument saiséiert.

Resolutioun

D’Resolutioun ass en Text, deen d’Chamber opsetzt a selwer adoptéiert. Domadder wëllt si eng Decisioun huelen oder sech positionéieren. All Deputéierten huet d’Recht, fir e Projet vun enger Resolutioun eranzereechen. Wéi d’Motioune ginn d’Resolutioune mat enger Majoritéit vun der Chamber adoptéiert.

Sessioun

Eng Sessioun ass en Deel vun der Legislatur. Et handelt sech dobäi ëm eng Period am Joer, wärend där d’Chamber zesummekënnt. D’Chamberreglement gesäit vir, datt den Ufank vun der Sessioun den éischten Dënschden am Oktober ass. Eng Sessioun gëtt dee Moment zougemaach, wann déi nei opgemaach gëtt.

Staatsbudget

De Staatsbudget ass e Gesetz, mat deem d’Recetten an d’Depensë vum Staat vun engem Joer festgehale ginn. Dat nennt een och „e Budgetsexercice“. De Budget presentéiert sech ënnert der Form vun engem Tableau évaluatif vun de Recetten an Depensen.

Technesche Grupp

D’Deputéiert, déi a kenger Fraktioun sinn an och net enger Fraktioun ugeschloss sinn, kënnen en technesche Grupp forméieren. Dee muss op d’mannst fënnef Memberen hunn. Si designéieren e Coordinateur, deen hire Spriecher fir all déi administrativ Froen ass, a si sinn an der Presidentekonferenz representéiert.

Vott vun engem Gesetz

D’Chamber stëmmt iwwer Gesetzesprojeten a Gesetzespropositiounen of. Deeler vun engem Gesetzesprojet oder enger Gesetzespropositioun kënnen eenzel ofgestëmmt ginn, wann op d’mannst fënnef Deputéiert dat froen. Wa Changementer gemaach ginn, stëmmt Chamber an engem zweete Vott iwwer déi Amendementer of, nodeems de Staatsrot säin Avis heiriwwer ginn huet. Dëse Vott ass am Chamberreglement virgesinn.

An enger weiderer Etapp gëtt iwwer de ganze Projet ofgestëmmt. Dräi Méint nom Vott iwwer de ganze Projet kann et zum zweete constitutionnelle Vott kommen. Dee kann awer ausfalen, wann de Staatsrot déi Dispens accordéiert.