D'Debatten an ëffentlecher Sitzung

     

Eng vun den Aufgabe vun der Chamber ass et, Debatten ze organiséieren, an deenen déi politesch Positiounen ëffentlech gemaach ginn. Den Detail vun all de Prozeduren ass am interne Reglement vun der Chamber ze fannen.

D’Debatt iwwer e Gesetzesprojet oder eng Gesetzespropositioun : eng wichteg Etapp vun der legislativer Prozedur

De Gesetzesprojet oder d’Gesetzespropositioun ginn op Decisioun vun der Presidentekonferenz op den Ordre du jour vun enger ëffentlecher Sëtzung gesat. Am Ufank vun der Sëtzung freet de Chamberpresident, ob d’Chamber mam proposéierten Ordre du jour averstanen ass. Gewéinlech presentéiert de Rapporter d’Aarbechten, déi an der Kommissioun gemaach goufen, an d’Conclusiounen, déi gezu goufen, esouwéi d’Avise vum Staatsrot an de Beruffskummeren. De Gesetzestext gëtt duerno vun de Membere vun der Chamber diskutéiert. E kann amendéiert ginn, wann op d’mannst fënnef Deputéiert dat froen. Virun all Vott kann den zoustännege Minister op der Tribün intervenéieren.

D'Orientatiounsdebatt : eng Äntwert op Ufro vun Deputéierten

Wann op d’mannst fënnef Deputéiert et froen, kann d’Chamber eng Orientatiounsdebatt organiséieren. E Rapport vun der parlamentarescher Kommissioun kann déi Diskussioun iwwert ee Sujet, deen am generellen Interessi ass, begleeden.

D'Consultatiounsdebatt: eng Äntwert op eng Ufro vun der Regierung

D’Chamber kann eng Consultatiounsdebatt op Demande vun der Regierung organiséieren.

D’Interpellatioun: e Recht vun all Deputéiertem

All Deputéierten huet d’Recht, eng Interpellatioun un d’Regierung ze riichten. Et handelt sech ëm eng schrëftlech Ufro fir eng ëffentlech Diskussioun, déi just däerf Froe vun ëffentlechem Interessi behandelen.

D’Debatt iwwer d’Ried zur Lag vun der Natioun : no der Deklaratioun vum Staatsminister

De Staatsminister mécht all Joer am éischte Semester eng generell politesch Deklaratioun an der Chamber, an där et ëm d’Lag vun der Natioun geet. No där Deklaratioun iwwer déi sozial, wirtschaftlech a finanziell Situatioun vum Land ass eng Debatt. Dat alles leeft bannent enger Woch of.

Den Debat iwwert d’Finanz- a Budgetspolitik:  eng Etapp vun den Aarbechten an der Kommissioun

D’Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber analyséiert de Gesetzesprojet iwwer d’Recetten an d’Depensë fir dat Joer duerno. No dëser Analys geet eng prezis Prozedur un. Déi gesäit vir, datt am Dezember, virum Vott iwwer de Gesetzesprojet, eng Woch laang doriwwer diskutéiert gëtt.

Debatt iwwer d’Europa- an Aussepolitik

Den Ausseminister presentéiert all Joer e Rapport iwwer d’Europa- an Aussepolitik vum Land. D’Deputéiert kënnen an der Debatt no der Deklaratioun dorobber reagéieren a Positioun bezéien.