Coordinateur∙rice des activités audiovisuelles de la Chambre des Députés (m/f/d)
D’Chamberverwaltung begleet d’Chambre des Députés an hire legislativen a politesche Fonctiounen. Deemno kënnen déi 60 Deputéiert am Alldag op d’Ënnerstëtzung vu ronn 180 Mataarbechterinnen a Mataarbechter zielen.
Wann Dir och wëllt Äert Talent, Äert Engagement an Är Dynamik an den Déngscht vun der éischter Institutioun vum Land stellen, da sollt Dir wëssen, dass de « service des relations publiques » en/eng « coordinateur∙rice des activités audiovisuelles de la Chambre des Députés» ënnert dem Statut vum Fonctionnaire-stagiaire rekrutéiert.
D’Inklusioun vun eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter an all hirer Diversitéit ass eis en Uleies. Esou hu mir ënnert anerem d’Diversitéitscharte vun IMS Luxembourg ënnerschriwwen an all eis Poste si fir Persoune mat besonnesche Bedürfnisser op, soulaang dëst mam jeeweilege Poste vereenbar ass.