Den 10te September 2026 huet d’Europäesch Zentralbank hir Leetzënsen alt nees ëm 0,25 Prozentpunkte gehéicht. Gläichzäiteg sinn domadder och verschidden aner Zënssätz, wéi den Euribor, geklommen. Leit, déi kee fixe Kredit hunn oder een neien Immobiliekredit ufroen, wäerten domadder um Wunnengsmaart alt nees méi belaascht ginn.
Vill Studien weisen, dass den Zougang zu Immobiliekreditter ausschlaggebend ass, fir eng gutt Logementspolitik. Wann d'Leit keng Immobiliekreditter kréien, dann kënnen sech déi meescht och keng Wunneng kafen, weder um Privatmaart nach am ëffentlechen Wunnengspark. A fir Proprietairen, déi elo scho finanziell struwwelen, gëtt d'Situatioun mat méi Zënsbelaaschtung nach méi schwéier.
D'Politik kann zwar d'Zënssätz net direkt beaflossen, mee et ginn aner Moossnamen, déi et erlaben, dass d'Leit een Zougang zu engem Immobiliekredit kréien oder virun Zënsschwankungen geschützt ginn.
Froen:
1. Wéi schätzt d’Regierung d’Auswierkunge vun der Entwécklung vun den Zënsen op nei Immobiliekreditter?
2. Wéi schätzt d’Regierung d’Auswierkunge vun der Entwécklung vun den Zënsen op bestoend Immobiliekreditter mat variabelem Zënssaz zu Lëtzebuerg an?
3. Gesäit d’Regierung Moossnahme vir, fir ze verhënneren, datt méi héich Zënsen de Bau vu bezuelbare Wunnengen an den Zougang zu engem eegene Wunnraum weider erschwéieren?
4. Gesäit d’Regierung Moossname vir, fir ze verhënneren, datt méi héich Zënsen d'Finanzsituatioun vun de betraffene Persoune weider erschwéieren?
5. Wat fir nei Moossnamen gi geholl, fir dass méi netto vum brutto bleift, sou wéi et de Walslogan vun dëser Regierung versprécht?