Whistleblower, Dateschutz an aussepolitesch Deklaratioun
Invitéë sin de Laurent Mosar vun der CSV an de Sven Clement vun de Piraten
- 
                    00:00:00Laurent Mosar, Député Sven Clement, Député 
- 
                    00:01:00Laurent Mosar, Député Monsieur Charles Margue President vun der Justizkommissioun ; Monsieur Tom Wirion Direkter vun der CDM 
- 
                    00:05:36Laurent Mosar, Député Sven Clement, Député 
- 
                    00:24:34Jean Asselborn, Ministre Fernand Kartheiser, Député Claude Wiseler, Député Gusty Graas, Député Madame Anne Calteux Representante vun der C.E. zu Lëtzebuerg 
- 
                    00:28:40Sven Clement, Député Laurent Mosar, Député 
De Gesetzprojet fir de Schutz vum Whistleblower (Projet Nummer 7945) ass een Thema vum Gespréich mam Laurent Mosar a Sven Clement. Wéi wäit soll de Schutz goen ? Ass alles kloer ?
Do dernieft geet och ëm Froe vun Dateschutz: dat am Zesummenhang mam Fatca-Ofkommes, grad ewéi dem Privcacy Shield Ofkommes, allebéid tëscht den USA an der EU. Eeemol geet et ëm d'Iwwermëttele vun Bankdaten vu Leit déi an den USA steierpflichteg sinn, an eemol ëm Dateschutz méi generell - wann zum Beispill Date vu facebook op amerikanesche Servere sinn.
E Reportage kuckt zréck op d'aussen- an europapolitesch Deklaratioun vum zoustännege Minister Jean Asselborn.
D'Emissioun fannt der net nëmmen online. Se gëtt den Owend um 20 Auer gesend. Um 20 Auer 38 an um 21 Auer 18 gëtt se rediffüséiert, grad ewéi vun Dënschdes bis Freides zu de selwechten Zäiten.
 
      