Lëtzebuerg feiert 175 Joer Verfassung

Artikel
Publié le 16.03.2023 à 19h00 Mis à jour le 17.03.2023 à 15h34

Freides, den 28. Abrëll ginn zu Ettelbréck an der Däichhal 175 Joer Lëtzebuerger Verfassung gefeiert. Schreift Iech an fir bei de Festivitéiten dobai ze sinn. Um Programm: theatralesch Inszenéierungen a musikalesch Optrëtter.

1848 war Ettelbréck Sëtz vu Regierung a Parlament an deemools gouf hei déi éischt fräiheetlech Verfassung ausgeschafft. An dat soll gefeiert ginn! D’Stad Ettelbréck an d’Chambre des Députés invitéieren op e flotten Owend wou d’Liicht op d’Lëtzebuerg vu fréier an haut geworf gëtt.

Séance académique

Den éischten Deel fënnt um 17.00 Auer a Präsenz vum Grand-Duc statt mat Interventioune vum Fernand Etgen, Chamberpresident, dem Xavier Bettel, Premier Minister an dem Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck.

Loosst Iech an d’Zäit vun 1848 zréckversetzen mat historeschem Kontext, theatraleschen Inszenéierungen vum Lex Gillen an Natalia Sanchez esou wéi Lidder vum Serge Tonnar a Georges Urwald zesumme mat dem Conservatoire de Musique du Nord, der Ettelbrécker Musek, der Chorale Sainte Cécile, der Lyra an dem Theaterveräin Rido op vun Ettelbréck.

 

Den Entrée ass fräi. D’Plaze sinn allerdéngs limitéiert, dofir mellt Iech elo online un oder awer per Telefon um 81 91 81 – 1.

Festival « Lëtz elo »

Um 20.30 Auer geet et dann wéider mam Lëtz Elo Festival an der Däichhal, wou lëtzebuerger Kënschtler optrieden. Den Entrée ass fräi.

Line-up

  • Hunneg-Strëpp
  • De Läb Orchästra
  • Edsun
  • Stayfou
  • Nosi
  • Miss Sappho
La Chambre s'associe à la Ville d'Ettelbruck pour les 175 ans de la Constitution de 1848

La Chambre des Députés et la Ville d'Ettelbruck viennent de signer une convention pour coorganiser les festivités à l'occasion des 175 ans de la Constitution de 1848 en avril 2023.

Mehr anzeigen