Délégation luxembourgeoise du groupe de contrôle parlementaire conjoint d'Europol (Europol "JPSG" - joint parliamentary scrutiny group)

De Paritéitesche Parlamentaresche Kontrollgrupp (JPSG)

D’Kontroll vun den Aktivitéite vun Europol ass am Artikel 88 vum Traité iwwer de Fonctionement vun der EU virgesinn. Déi national Parlamenter sinn an déi Kontroll mat agebonnen.

D’parlamentaresch Kontroll gëtt ageféiert mam Reglement (UE)2016/794, dat sech mat der Kooperatioun vun de repressiven Déngschter befaasst. Mam Reglement gëtt d’paritéitesch Kontrollgrupp vun Europol geschaf.

De Paritéitesche Parlamentaresche Grupp kontrolléiert déi politesch Aktivitéite vun Europol, wann e senge Missiounen nokënnt. Do ass och dat abegraff, wat d’Fräiheeten a Grondrechter vun de Persounen ugeet. Fir deem nozekommen, kënnen de President vum Verwaltungsrot, den Direkter an den Europäesche Kontroller vum Dateschutz geruff ginn.

D’Membere gesi sech zweemol pro Joer: am éischte Semester am Memberland, dat d’Presidence an der EU huet, an am zweete Semester am Europaparlament.

Zesummesetzung an Informatiounen

Articles associés