Délégation luxembourgeoise auprès de l'Assemblée parlementaire du Conseil de l'Europe (CE)

D’parlamentaresch Assemblée vum Europarot - APCE

Dës Assemblée ass e Forum vum Dialog mat de Regierunge vun de Memberstaate vum Europarot. Hir Membere kënnen hir Iddien iwwer de Comité vun de Ministeren eraginn. Si waacht iwwer d’Menscherechter an d’Demokratie. Si ka Prozeduren an d’Weeër leeden, mat deenen déi concernéiert Länner gehollef kréien, hiren Engagementer nozekommen. Si ka sech och, consultativ, zu Ofkommessen, déi den Europarot ausgeschafft huet, zu Wuert mellen. Si nennt Riichter fir den Europäesche Menscherechtsgeriichtshaff, de Kommisssär fir Menscherechter, de Generalsekretär vum Europarot a säin Adjoint. D’Vertrieder vun der Assemblée vum Europarot ginn op Visitt a ganz Europa, fir do Informatiounen ze froen, déi hinnen hëllefen, hir Rapporten ze schreiwen. Si maachen a Missioune vu Walobservatioun mat. D’Asssemblée huet all Joer eng Sessioun an do gëtt et véier Deeler: am Januar, Abrëll, Juni an Oktober.

Zesummesetzung an Informatiounen

Fir weider Informatiounen
Articles associés