De Contrôle médical de la sécurité sociale (CMSS) bewäert, ob eng Persoun aarbechtfäeg oder aarbechtsonfäeg ass.
Et gi vill Fäll, wou eng aarbechtsonfäeg Persoun duerno erëm als aarbechtsfäeg agestuft gëtt. Leider klappt de Retour net ëmmer an d'Persoun erkrankt erëm op hirer aler Aarbecht.
An esou Situatiounen huet d'Entscheedung vun der Erëmopnahm vun der Aarbecht Konsequenze fir déi betraffe Persoun. Et kann zu Ënnerbriechunge beim Krankegeld fir déi betraffe Persoune kommen, wat direkt finanziell Konsequenzen huet an d'Situatioun, mental gesinn, nach méi schwéier maache kann.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
1. Wéi vill Persoune goufen an de leschten zwee Joer vum CMSS no enger Aarbechtsonfäegkeet erëm als aarbechtsfäeg erkläert?
2. Wéi vill vun dëse Persoune goufen duerno an de follgenden 30 bis 60 Deeg nees krankgeschriwwen?
3. Wéi oft gouf eng Decisioun vum CMSS opgrond vun neie medezineschen Elementer spéider geännert?
4. Wéi vill Oppositioune géint CNS-Decisioune goufen an de leschte fënnef Joer wéinst enger verpasster Frist als irrecevabel erkläert?
5. Gëtt de Versécherte kloer matgedeelt, datt nei medezinesch Dokumenter net automatesch als formell Oppositioun gëllen?
6. Wéi vill Krankegeld-Dossiere goufen an de leschte fënnef Joer nodréiglech korrigéiert oder nodréiglech bezuelt?
7. Huet d'Ministesch Informatiounen an Zuelen doriwwer, wéi vill Betraffener duerch eng Ënnerbriechung vum Krankegeld a finanziell Schwieregkeete geroden, well dëst Auswierkungen op aner Sozialleeschtungen huet?Falls dës Donnéeën net erhuewe ginn, wëll d'Ministesch dat zäitno analyséieren an handelen oder gesäit si dëst net als prioritär un?