Les Luxembourgeois dans la Grande Région

Cellule Scientifique
Publizéiert le 19.12.2025 à 12h40 Update le 10.07.2026 à 07h35

Zesummefaassung

  • D’Zuel vun de Lëtzebuerger, déi ausserhalb vum Grand-Duché an der Groussregioun wunnen, gëtt an de leschte Joren ëmmer méi grouss.
  • Méi am Detail gekuckt, sinn d’atypesch Frontalieren – dat heescht, Leit, déi aus hirem Land erausgeplënnert sinn an awer weider do schaffen – virun allem Jonker, Celibatairen oder Col-blancen. Vun dëser aktiver Populatioun haten der 2024 14.690 d’Lëtzebuerger Nationalitéit, wat zirka 6 % vun der Gesamtzuel vun de Frontalieren a Richtung Lëtzebuerg ausmécht.
  • Studien hiewen d’ekonomesch an d’sozio-kulturell Facteuren souwéi dee vun der Liewensqualitéit ervir, déi verschidde Stéit dozou incitéiere géifen, Lëtzebuerg ze verloossen, fir op déi aner Säit vun der Grenz wunnen ze goen. D’Logementskäschten am Grand-Duché sinn den ausschlaggeebende Grond, deen am heefegste genannt gëtt.
  • D’Grenz, déi net méi als Barriär gesi gëtt, mee als eng Ressource, generéiert vill grenziwwerschreidend Wunnsëtzwiesselen. Dëst huet verschidde sozial an ekonomesch Konsequenzen op béide Säite vun der Grenz, souwuel individueller wéi och kollektiver.
  • Eng dauerhaft Beobachtung vun dësem Phenomeen souwéi eng Harmoniséierung, Synthees an Aktualiséierung vun den Donnéeë vun de verschiddenen territorialen Entitéiten, déi Member vun der Groussregioun sinn, wär wënschenswäert. Dat géif zum Beispill d’Verständnis vun der Wunnsëtzmigratioun tëscht Regioune vu verschiddene Länner erliichtere souwéi d’Huele vun Decisiounen, déi mat de Konsequenze vun dëser Migratioun zesummenhänken.