Vum Sëtzungssall an den Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Sprooch
E Bléck hannert d’Kulisse vun der Chamberverwaltung am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch de 26. September: Am Service Compte rendu sëtze richteg Experten am Lëtzebuergeschen. Hir Transkriptioune vun de Chamberriede maachen zwee Drëttel vum offizielle Korpus vun der Lëtzebuerger Sprooch aus. Vill Linguiste gräife fir hir Fuerschung dorop zeréck.
Videoreportage an Erkläerungen.
„Fir de Compte rendu vun den ëffentleche Chambersëtzungen ze produzéieren, muss een e richtegen Expert am Lëtzebuergesche sinn“, erkläert d’Claire Garçon-Wio, Responsabel vum Service Compte rendu, deen aktuell eng fofzéng Mataarbechter huet. Et ass an hire Büroen, wou d’Transkriptioune vun de Rieden, déi an der Plenière gehale ginn, verbessert, a Form gesat a verëffentlecht ginn. D’Zil ass et, eng wuertgetrei schrëftlech Trace vun de mëndleche Rieden ze erhalen an et alle Bierger ze erméiglechen, se nozeliesen.
Videoreportage an de Kulissen
Bal 2 Millioune Wierder an engem Parlamentsjoer
A wéi gesäit et mat den Dialekter aus? Och wann d’Konscht dora besteet, méiglechst no un der individueller Ausdrocksweis vun all Deputéierten ze bleiwen, ass d’Sprooch, déi am Compte rendu officiel gebraucht gëtt, e standardiséiert Lëtzebuergesch. Mat ongeféier 8.800 Wierder, déi an enger Sëtzungsstonn gesot ginn, bleift vill ze dinn: Am Laf vum leschte Joer hunn d’Deputéiert wärend ongeféier 221 Stonnen an der Plenière debattéiert.
Säit 1999 fléissen d’Transkriptioune vun de Chamberdebatten an d’Question-parlementairen op Lëtzebuergesch an den offizielle Korpus vun der Lëtzebuerger Sprooch an, dee vum „Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch“ (ZLS) verwalt gëtt, a maachen haut 66 % dovunner aus. De „Lëtzebuerger Online Dictionnaire“ (LOD) gëtt deemno indirekt mat de Riede vun den Deputéierte gefiddert an dës ginn och als Trainingsdate gebraucht, fir Modeller vun der automatescher Sproocherkennung op Lëtzebuergesch ze entwéckelen. De „LuxASR“-Tool vun der Uni Lëtzebuerg ass e gutt Beispill dofir. D’Chamber schafft enk mat Fuerscher vun der Uni, mee och mam ZLS zesummen. Opgrond vun hirem spezialiséierte Fachwëssen am Beräich vum Lëtzebuergesche si verschidde Mataarbechter vum Service Compte rendu Deel vu spezifeschen Aarbechtsgruppe ronderëm d’Sprooch.
D’Lëtzebuergescht als Sprooch vun de Chamberdebatten
De Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch bannent der Chamber huet am Laf vun de leschte Joerzéngten evoluéiert. Haut ginn d’Rieden an der ëffentlecher Sëtzung op Lëtzebuergesch gehalen. Dat war net ëmmer esou:
1896
1896 war de Caspar Mathias Spoo den éischten Deputéierten, deen op Lëtzebuergesch eng Ried an der Chamber hale wollt, wou bis dohin ausschliisslech op Franséisch debattéiert gi war. Seng Interventioun huet e Skandal ausgeléist.
No 1945
Nom Zweete Weltkrich hunn d’Deputéiert sech déi meescht Zäit iwwer op Franséisch ausgedréckt, heiansdo hu se awer och Lëtzebuergesch geschwat oder béid Sprooche gemëscht.
1980-er Joren
Vun den 1980er-Joren un huet sech de Gebrauch vum Lëtzebuergesche souwäit weiderentwéckelt, bis et zu engem Moment zu där Sprooch gouf, déi d’Deputéiert am meeschte gebraucht hunn, fir sech auszedrécken.
1995
Nawell goufen déi ëffentlech Sëtzunge bis 1995 op Franséisch presidéiert. De fréiere Chamberpresident Jean Spautz war den éischte President,deen d’Sëtzungen op Lëtzebuergesch geleet huet.