Whistleblower, Dateschutz an aussepolitesch Deklaratioun

Emission
Publizéiert le 14.11.2022 à 15h50 Update le 22.11.2022 à 14h14

Invitéë sin de Laurent Mosar vun der CSV an de Sven Clement vun de Piraten

  1. 00:00:00

    Laurent Mosar, Député

    Sven Clement, Député

  2. 00:01:00

    Laurent Mosar, Député

    Monsieur Charles Margue President vun der Justizkommissioun ; Monsieur Tom Wirion Direkter vun der CDM

  3. 00:05:36

    Laurent Mosar, Député

    Sven Clement, Député

  4. 00:24:34

    Jean Asselborn, Ministre

    Fernand Kartheiser, Député

    Claude Wiseler, Député

    Gusty Graas, Député

    Madame Anne Calteux Representante vun der C.E. zu Lëtzebuerg

  5. 00:28:40

    Sven Clement, Député

    Laurent Mosar, Député

De Gesetzprojet fir de Schutz vum Whistleblower (Projet Nummer 7945) ass een Thema vum Gespréich mam Laurent Mosar a Sven Clement. Wéi wäit soll de Schutz goen ? Ass alles kloer ?

Do dernieft geet och ëm Froe vun Dateschutz: dat am Zesummenhang mam Fatca-Ofkommes, grad ewéi dem Privcacy Shield Ofkommes, allebéid tëscht den USA an der EU. Eeemol geet et ëm d'Iwwermëttele vun Bankdaten vu Leit déi an den USA steierpflichteg sinn, an eemol ëm Dateschutz méi generell - wann zum Beispill Date vu facebook op amerikanesche Servere sinn.

E Reportage kuckt zréck op d'aussen- an europapolitesch Deklaratioun vum zoustännege Minister Jean Asselborn.

D'Emissioun fannt der net nëmmen online. Se gëtt den Owend um 20 Auer gesend. Um 20 Auer 38 an um 21 Auer 18 gëtt se rediffüséiert, grad ewéi vun Dënschdes bis Freides zu de selwechten Zäiten.