D’Reform vun de Gemengewalen

Emission
Publizéiert le 27.06.2022 à 15h56 Update le 13.09.2022 à 16h11

En Auslänner muss net méi 5 Joer laang zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, fir kënne bei de Gemengewale an där Gemeng, wou e wunnt, wielen ze goen. Fir doriwwer ze schwätzen ass den Invité an der Emissioun Chamber aktuell den Deputéierte Guy Arendt (DP).

De Vott fir Auslänner vereinfachen - dat ass den Objet vum Gesetzprojet 7877, deen dem Deputéierte Guy Arendt no, nach virun de nächste Gemengewalen duerch d'Chamber soll goen. Déi nächst Gemengewalen sinn den 11 Juni 2023. 

De liberale Parlamentarier ass Rapporter vun Gesetzprojet an Invité an der Emissioun Chamber aktuell. D'Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen representéieren 41,7 % vun der Populatioun, esou de Statec. Fir de Guy Arendt ass dësen Dossier dofir besonnesch wichteg.

Reform vum Radio 100,7 an de Platzverweis

Mat eisem Invité komme mir och op d'Adaptatioun vum legale Kader fir de Radio 100komma7 ze schwätzen (Gesetzprojet 7749) an op de Platzverweis (Gesetzprojet 7909)

De President vun der Mediekommissioun Guy Arendt (DP)